Öland

Weider get et mam Ferry vun Oskarshamn op d'Insel Öland an zwar an den Hafen vun Byxelkrok uewen am Norden. Öland ass d'Vakanzeninsel vun den Schweden an ass 140 km lang an 16 km breet. D'Sonn schengt hei am meeschten an d'Schweden lounen hei eent vun den villen Vakanzenhäiser oder gin op een vun den 25 Campinger. "Ackerbau und Viehzucht" hun d'Schweden hei bedriwen. Well esouvill Wand ass sin enorm vill Wandmillen vun fréier hei ze gesin.