Iwwert Shanghai an Neuseeland

"SHANGHAI" Déi Staat wollt ech scho ëmmer emol gesinn. Ass bestëmmt impressionnant mat hiren Héichhaiser an den asiatesche Flair. An esou ass et komm dass mir den 30ten Januar 2017 fir d'éischt op Shanghai fléien, do dräi Deeg bleiwen, an da weider an Neuseeland op Christchurch reesen. Do kréie mir eise Camper an zwar en Apollo Euro Star Deluxe.

Wéi ëmmer kënn dir eis iwwert de Link "Coucou" lenks schreiwen a mir wäerten eis freeën.

Wien gemengt huet, dass Shanghai wär wéi Hong Kong wou jiddereen englesch schwätzt deen hat sech geiirt. Genau wéi mir ! Déi wéinegst Leit schwätzen englesch. Praktesch an alle Geschäfter, Restauranten, Metro, Tempele gëtt nëmme chinesesch geschwat. Dobäi koum dass hei dat neit Joer gefeiert gëtt vum 28ten Januar un an enorm vill chinesesch Touristen an der Stat sinn. Dat ass esou well d’Leit hei während dem ganze Joer kee Congé hunn an da fir d’neit Joer 6-10 Deeg alles zou maachen a bei d’Famill ginn déi si net vill gesinn. Alles ronderëm Shanghai ass zou an d’Stat platzt aus alle Néit.

Jing'an Tempel
Jing'an Tempel
Jing'an Tempel
Jing'an Tempel
Et ass kal ...
Et ass kal ...
2017 steet ënnert dem Zeeche vum Hunn
2017 steet ënnert dem Zeeche vum Hunn
An der aler Stad
An der aler Stad

Vill Trafic um Huangpu River

Et war wonnerbar Wieder a mir sinn duerch de franséische Véierel getrëppelt. Vill Geschäfter waren zou duerch den Neijoerschdag. De leschten Dag hu mir nach eng flott Mall gemaach mat alle  grousse Marken. Um leschte Stack konnt een all méiglech Workshoppe maachen. Wierklech flott.

Stroossemaart

Owes ass et dunn weider gang op Christchurch wou mir Samschdes ukomm sinn a Sonndes Moies eise Camper ofgeholl hunn.

En Apollo RV Star. De Rescht vum Dag ass ageraumt ginn a mir sinn op engem schéine Camping no beim Zentrum vu Christchurch.

Witzeg war dass Owes nom Iessen et un eiser Dier geklappt huet an ee sot « Mir hunn äre Fändel gesinn a wollte just Bonjour soen » Et muss e wëssen dass de Jang ëmmer direkt de lëtzebuergesche Fändel ophänkt a natierlech och dee vun dem Land wou mir da grad sinn.

Op jiddefalls war et flott e puer Wuert mat enger lëtzebuergescher Koppel ze schwätzen déi elo no 4 Wochen zréck op Auckland fiert a vun do nees Heem flitt.

Den éischten Dag si mir d’Stad Christchurch besiche gang. Déi ass nach ëmmer am Obbau nom Erdbierwen am Joer 2010/2011. Trotzdem hu mir do e flotten Dag verbruegt.

Mir sinn den Dag drop an de Norden gefuer vun der Südinsel. Eng Wäigéigend an dräi Päss déi mir gemaach hunn. Et war en laangen Tour well mir net méi dru geduecht hunn dass duerch d’Erdbiewen am Oktober ganz vill Stroossen an engem schlechten Zoustand waren. Maximal Vitesse war 30km op ville Platzen. Well mir awer zu Akaroa iwwernuechten, dat ass op der Hallefinsel ënnert Christchurch, si mir de ganze Wee zréck gefuer. Dat war eng super Iddi wann dir iech d’Fotoen ukuckt. Ech mengen mir haten nach ni esou e Camping mat der Vue wéi dësen.

Weider geet et iwwert d’Küstestrooss op Timaru. Och hei si mir op engem Camping vun der Gamm « Top Ten Holiday Park ». Owes nach e klengen Tour an d’Stad gemaach bis bei d’Caroline Bay an d’Cathedral St. Marie wou et de längste Piano gëtt, den « Alexander Piano » +/- 5 Meter lang.

Dësen holzene Liichtturm ass vun 1877

St. Mary's Anglican Church

Vun Timaru geet et gemittlech weider op Oamaru, wat eng ganz flott Stad um Mier ass mat rieseche Gebaier aus Kalleksteen. Fréier war hei vill lass well vun do gefruere Fleesch duerch d’ganz Welt verschéckt ginn ass. Haut sinn an den ale Lagere kleng léif Geschäfter a Galerien.

Owes komme mir zu Dunedin u wat ganz schottesch gepräägt ass. Dat wonnert een net ass dës Stad dach vun engem Schott gegrënnt ginn. De Musée zu Dunedin iwwert den Pazific an d’Maori huet eis et ugedoen a mir gi gläich zwee Mol dohin. Hei an NZ sinn d’Muséeën all gratis an mega modern.

Op der Hallefinsel Otago  bei Dunedin gëtt et eng Albatrosskolonie wou mir eis fir eng Besichtegung ugemellt hunn. De Moment hu si Klenger. D’Albatrosse kréien nëmmen eng Kéier am Joer en Ee wat si ausbréien an dat eréischt ab dem Alter vun 8 Joer. Déi éischt fënnef Joer liewen si um Mier a kommen op d’Insel fir sech e Partner ze sichen.

Mat engem Bébé.....