Et geet zum Schluss ....

Vun der Bay of Islands geet et weider op den nördlechste Punkt vun NZ, de Cape of Reinga. Do bleiwe mir an engem national camp direkt um Mier, wonnerschéin.

Cape of Reinga
Cape of Reinga
De Leuchturm vum Cape
De Leuchturm vum Cape
D'Michi traut sech...
D'Michi traut sech...

Hei kann ee surfen um Sand

Dann fuere mir déi selwecht Stréck zréck, well et gëtt keng aner. Bei den Sand Dunes maache mir e Stopp. Zu Kaitaia huele mir d’Küstestrooss déi eis duerch Bierger a laascht Küst féiert. Zum Schluss fuere mir nach duerch de Kauribësch mat enorme Beem vun 2000 Joer.

Nach e klenge Ferry..
Nach e klenge Ferry..
En Kauri-Bam als Traap
En Kauri-Bam als Traap

Nach e klenge Ferry..

E flotte Café
E flotte Café
Sand dunes bei Opononi
Sand dunes bei Opononi

Sand dunes bei Opononi

Dëse Kauri-Bam huet 12,6 Meter Ëmfang!
Dëse Kauri-Bam huet 12,6 Meter Ëmfang!
D'Bëscher hei sinn einfach schéin
D'Bëscher hei sinn einfach schéin

Fir déi nächst Deeg ass schlecht Wieder ugesot a mir versichen Ausstellungen a Muséeë kucken ze goen. Souwisou si mir um Wee fir op Auckland wou mir och nach wëllen e puer Deeg verbréngen.

Ech hunn och schonn emol eng Lëscht gemaach wat alles um Camper futti war a mir eréischt op der Rees gemierkt hunn :

  • Eng Fënster um Dach ass net dicht
  • De Frigo verléiert Kondenswaasser an e Gefaach ass gebrach
  • De Méckenfilet an enger Fënster ass komplett futti
  • D’Bremsen hunn net vill Drock
  • D’Rückfahrkamera um tableau de bord ass lass

Dat sinn alles Klengeschkeete mee et muss een hinnen et awer soen.

Zu Matakohe si mir nach an eng flott Ausstellung vu "Kauri Gum" besiche gang. Dëse Steen ass den Haarz vun de Kauri Beem. E gëtt um Stamm gesammelt oder am Buedem ausgegruewen.

E Mëttwoch huet et schrécklech gereent a mir hu profitéiert fir direkt nach erof op Hamilton ze fueren. Am Süden wär d'Wieder besser. Dat war eng gutt Entscheedung wëll hei ass et wierklech gutt. Nach e schéine Maori Musée am Nomëttech an Donneschdes den Hamilton Garden bei schéinem Wieder.

Duerno geet et da weider op d'Ostküst an d'Stad Tauranga. E gemittleche Camping an eng flott Trëppel op der Promenade laanscht Mier.

Entlech hunn ech e kritt...

Haut ass Freideg a mir hunn de Vulkan Mt.Maunganoui um Programm. D’Wieder ass net esou gutt awer et reent net. De Jang seet et sinn 230 Meter an ech denken dat ass jo net vill. Hien huet gemengt 230 Meter ass d’Héicht vum Vulkan. Also si mir 2 Stonnen a 45 Minutten ënnerwee. Et war wierklech derwäert.

On the Top.....

an ënnen an der Bucht.

Eist lescht Ziel ass Auckland City. Hei si mir e Samschdeg ukomm. E Mëttwoch musse mir de Camper bei Apollo ofginn an da geet et nees de laange Wee zréck op Lëtzebuerg.

Fënnef Woche ware mir ënnerwee a 5750Km hu mir gemaach. Et war eng schéin Zäit och wa mir trauereg Momenter haten.

Hei nach déi lescht Andréck vun Auckland. Eng flott Stat.

Sky Tower
Sky Tower
Vue vum Sky Tower
Vue vum Sky Tower
Vue vum Sky Tower
Vue vum Sky Tower
E flott Iessen am Hafen
E flott Iessen am Hafen

Mam Ferry op Devonport

....

MERCI ! Fir all déi léif mailen an dass dir esou fleisseg eis hompage kuckt.