No zwee Deeg National Park Tongariro fuere mir weider op Rotorua. Hei komme mir an d’Géigend vun de Geyser’en. Och do ass awer d’Kultur vun de Maori omnipräsent. Mir gi nach méi gewuer iwwert hir Aart a Weis ze liewen an iwwert de Grénge Steen, den Jade. De Camping ass wéi ëmmer ee vun den Top 10 déi immens gutt sinn. Mir léie beim Blue Lake an do ass eppes lass. Kayak, Spa Pool, Fun Bikes, Waterski etc
D’Kichen ass wéi ëmmer super ageriicht mat 14 Kachplacken, 2 grouss Gas Griller dobaussen an zwou Plancha’en. Einfach top. Do versammelt sech alles fir ze Grillen an ze Iessen. Flott Ambiance.
De Moien si mir den Te Puia besiche gaang. Do hu mir verschidde Schnëtzereien a Geysiren kënne bestaunen. De gréisste Geysir ass de Pöhutu dee bis zu 30 Meter héich ka ginn. Mir hate Gléck datt en aktiv war wéi mir grad do waren. Am Kiwi-Haus konnte mir dunn och endlech de scheie Kiwi kucken. En ass Nuets aktiv a gëtt 20 Kg schwéier. Et ass dee berühmtste Vull hei an NZ deen awer net fléie kann.
Duerno bleiwe mir nach zu Hobbiton stoen. An der ganzer Géigend sinn d’Filmer «Der kleine Hobbit » an « Herr der Ringe » gedréit ginn.
Den Dag drop war ee vunn deenen Deeg wou een denkt « oh ! merde wat dat reent » Mir maachen haut d’Coastle Road vun Waihi Beach bis Orere Point duerch d’Dierfer wéi Whangamata, Pauanu, Wintianga, Tapu, Te Puro, Thames, Miranda an Kaiaua. Wonnerschéin Buchten an iwwert 250 km fuere mir schlussentlech.
Palmen a gogo ....
Pic-Nic zu Coroglen
Outlook "Kuanotunu"
Den 2te März fuere mir weider op Bay of Islands an eis Gedanke si beim Finny, dat geschter fir ëmmer entschlof ass.
Well et hei esou schéin ass si mir zwee Deeg bliwwen an der Bay of Islands. Den zweeten Dag hu mir nach e flotten Ausfluch mam Schëff gemaach.
D'Kichen um Camping mat vue sur mer...
an owes den Sonnenënnergang
Hole in the Rock