a weider geet et......

Vun do fuere mir ganz erof bis op déi südlechst Spëtzt vun der Südinsel, duerch eng schéin hiwweleg Landschaft an e grousse Reebësch « The Catlins » Mir schlofen an engem Camping wou d’Frësche päifen. War nawell witzeg.

Zréck geet et iwwert Invercargill a Richtung vum « Fiordland National Park » D’Wieder ass zimlech duerchwuess a si soen hei et wär de schlechtste Summer säit 50 Joer. Moies an Owes hu mir d’Heizung un. Mir schlofen zu Te Anau. All d’Nimm vun de Stied an den Dierfer sinn op Maori Sprooch benannt.

Hei maache mir eng Bus a Schëffrees bis op Milford Sound wat an de Fiordlands ass. Eist Schëff heescht Sinbad a mir hunn eng jonk Fra vun +/- 28 Joer als  Skipper.

E fresche Kea ...
E fresche Kea ...

Um Wee fir op Queenstown ass et duerch eng schéi Landschaft gang an duerno si mir  laanscht de Lake Wakatipu gefuer wou an der Mëtt Queenstown läit. Dee Séi huet 77 Km an ass iwwert 300 Meter déif. D’Wieder gëtt ëmmer besser a mir freeën eis op Queenstown. Eng Stad wou et vill Aktioun gëtt. Canyon Jet, Shotover Jet, Skydive, Rafting, Bungysprangen a mat der Gondel op de Bierg.

Et waren zwee schéiner Deeg an der super jonker Stad.

Pic-nic beim Séi
Pic-nic beim Séi
Eng flott Plaatz um Camping
Eng flott Plaatz um Camping
Queenstown
Queenstown

Vu Queenstown si mir duerch en Dall mat ob all Säit immens grénge Bierger an schnéibedeckte Koppen an natierlech de Séien Hawea a Wanaka op d’Westküst gefuer. En wonnerschéi Stéck. E klenge Stopp hate mir zu Cardrona en « historical village »

Kuerz virun Haast, wou mir de Camping reservéiert hunn, stoung nach eng kleng Wanderung duerch e schéine Bësch bis op « Blue pools » um Programm. Alles am Ganzen e wonnerschéinen Dag.

D’Westküst ass méi schéi wéi d’Ostküst. D’Bëscher sin einfach méi gréng a mat vill verschidde Pflanzen. Rieseg Beem, grouss Jukkaën an enorm Farnbeem.

Blue pools