Laanscht d'Küst ginn d'Beem ugeschwämmt.
Haut wëlle mir déi zwee Gletscher kucke goen :
De Fox Glacier an de Franz Josef. Et sin zwee Glacier’en wou ee ganz no bäi kënnt.
Franz Josef Glacier
De Wee dohi war net ëmmer einfach
E Farnbam
Weider geet et iwwert d’Westküst vu Franz Josef bis op Greymouth. Op der Stréck komme mir bei der « Okarito Lagune » laanscht déi 2014 ausgezeechend gouf. Beim café « The Bushmens » maache mir eng Paus mat engem Stéck Kuch. Eis route geet nach ëmmer duerch d’Westland a schéi Reebëscher.
Haut ass Sonndeg den 19ten Februar 2017. Ech muss mir dat heiansdo soen well ech hei komplett d’Orientatioun verléieren a ni weess wéien Dag mir sinn. An der Nuecht huet et gereent a ech hu geduecht dat gëtt e schlechten Dag well mir haut d’coastle road maache vu Geymouth op Westport. Moies ware mir nach en historical village besichen wou Goldgrouwe waren.
Kuckt einfach d’Fotoen ouni Komentar….
Motueka
Haut fuere mir vun der Westküst a Richtung Picton wou mir fir en Dënschdeg de Ferry gebucht hu fir op Wellington. Zu Nelson maache mir nach de leschte Stopp op der Südinsel.
Bullerbridge....
eng wackelleg Geschicht
Iwwert eng formidabel Küstestrooss duerch « Malborough Sounds » wat vill kleng Buchte sinn komme mir zu Picton géing 12 :00 un wou de Ferry eis op enger gemittlecher Fahrt bis op Wellington bréngt.