Wellington-National Park

De Musée zu Wellington den  "TE PAPA" ass immens gutt opgebaut an interaktif. Wéi ëmmer war e gratis. Mir hunn do de Moien verbruegt an de Recht vum Dag eis déi flott Stad ugekuckt déi direkt an enger Bucht läit.

Vu Wellington geet et op Miramar, en Staddeel vu Wellington, wou Filmer wéi « Herr der Ringe, Avatar » verschafft gi sinn. Fir eis war et  e Flopp well mir leider an eng Féierung vun « Thunderbirds » gerode sinn. Dat ass Miniatures Stage Tour. En Zeechentrickfilm dee mir net kannt hunn. Et war trotzdeem interessant.

Duerno maache mir No. 1 bis op Whanganui laanscht d’Küst mat engem kuerze Strandbesuch. Zum Schluss lande mir op engem super Camping.

Haut ass Freideg a mir ginn de Rugby Musée kucken zu Palmerston North.

Den « HAKA » ass den Danz deen d’Nationalequipe opféiert d’« All Blacks » virun all Match. Et wëllen domat de Géigner aschüchteren.

Vun do fuere mir an den National Park Tongariro duerch en Dall mat riets a lenks Hiwwelen a Bierger. Super schéin. Et mengt een si wäre mat Samett iwwerzunn. All déi Dierfer wou mir duerchfueren hunn Nimm wéi : Awahuri, Sanson, Halcombe, Marton, Onakune….. bal net ze liesen.

Eise Camping läit schéin a mir hunn eng super Vue op de Vulkan « Mt.Ngautuhoe » an de Bierg « Mt. Ruapelu ». Do maache mir eng Wanderung.