iwwert d'Insel Föhr..

Endlech ass et nees esou wäit. Elo wou ech och an der "Fréipensioun" sinn maache mir mam neien Camper déi éischt gréisser Rees a Südengland.

Iwwert Düsseldorf, wou mir d'Camper Foire besiche ginn, geet et weider op Hamburg den zweeten Deel vum "Phantom der Oper" kucken.

E puer Deeg verbréngen mir dann nach zu Föhr (Nordfriesland) mat der Famill an dann geet et zréck op Hook van Holand. Do huelen mir d'Schëff fir eriwwer op Harwich.

Mir wäerten e puer Wochen duerch Cornwell an de Wales fueren.

Hei awer nach e puer Fotoen wéi et zu Föhr ausgesäit.

D'Meedercher ganz relax......

Café und Kuchen gëtt et hei och .....

No e puer schéiner Deeg zu Föhr musse mir de ganze Wee zréck op Vun Hoek van Holland wou et mat der Stella Line 13:45 eriwwer an England op Harwich geet wou mir da géint 21 :00 Auer ukommen. De John, d'Nadine an d'Joy sinn nees heem gefuer.

Moies fuere mir relax 215 Km op CAMBRIDGE. Den Navi stelle mir op gréng  a kréien da lauter kleng Stroossen déi grad esou schmuel si wéi de Camper an et geet duerch vill kleng schéin Dierfer mat schéinen Haiser déi bal all en Daach aus Stréi hunn.

Cambridge wat  nëmmen esou wibbelt vun historesche Gebaier. D'UNIVERSITY OF CAMBDRIDGE ass mat bal 20 COLLEGES an ale Gebaier iwwert d'Stad verdeelt, de Publik ass jonk a mir ginn andauernd ugeschwat fir en « PUNTING », dat heescht mat engem flaache Boot mat enger Staang iwwert de Floss gefouert ze gi vun engem Student.

Muer geet et weider op Oxfort.

Punting-Booter
Punting-Booter

Punting-Booter


Punting-Booter


Punting-Booter

De Camping hu mir fir eis ...
De Camping hu mir fir eis ...

Oxford huet eis net esou gutt gefall wéi Cambridge. Et ass méi modern mee den Dag hu mir awer flott verbruecht.

Mir hunn decidéiert fir an de Wales ze fueren an de Cornwell zum Schluss ze maache wa mir Heem fueren.