Et geet also weider iwwer kleng Stroossen an Dierfer. Oft musse mir stoen bleiwen fir de Géigeverkéier laanscht ze loossen. Eng spannend Geschicht.
Caerphilly Castle
Caerphilly Castle
oft sinn och Hochzäiten do
Weider iwwert Cardiff, Nashpoint, Saundersfoot op Tenby.
Zu Manorbier hu mir nach en Castle besicht an hunn eis fir owes e Camping erausgesicht. Leider hunn si gesot si wäre fully booked a mir hunn nach laang gesicht fir een aneren ze fannen. Well mir iwwert dräi Meter héich si komme mir net iwwerall eran.
Um 19 :00 Auer hate mir awer dunn eng flott Platz fonnt. Et ass den 14ten September.
Saundersfoot Hafen
Tenby
Manorbier
Plage vun Saundersfoot
Wéi sech erausgestallt huet war de Camping zu Marloes (dee mir owes relatif spéit fonnt hunn) ganz schéin. Mir hunn do eng Wanderung gemaach lanscht d’Küst. Normalerweis wären et 3 Stonnen gewiecht, awer well mir ëmmer brav der Küst nogedabbert sinn waren et herno 6 Stonnen déi mir gemaach haten (25 Km). Mir sinn och deen Dag net weidergefuer an hunn nach eng Nuecht do verbruegt.
Déi ganz Woch duerno si mir praktesch laanscht déi wonnerschéin Küst gefuer mat guddem Wieder an Tempraturen ëmm 23 Grad, wat jo fir den Wales super ass. Vunn enger Bay an déi aaner an eng méi schéin wéi déi aaner.