Wales - Snowdonia ... an ...an ...

Duerch déi verschidden County’en wéi Pembrokeshire, Ceredigion an Gwynedd si mir méi an d’Land gefuer a Richtung vum héichste Bierg vum Wales den Snowdon. Hei geet et emol duerch d’Dierfer an Täler déi wonnerschéin sin mat super grengen Hiwwelen wou d’Schof grasen an iwwert d’Strooss trëppelen. Dat ass och eng ganz beléiften Wandergéigend.

Wéi ëmmer brenge mir et net färdeg méi ewéi 90 bis 100 Km den Dag ze fueren…….mee mir hu jo Zäit.

Muer (20ten September)  geet et elo duerch d’Land weider op Abergavenny wou mir eis mat eisen Frënn aus der Schweiz déi mir op eiser Afrikarees kennen geléiert hunn, dem Noldi an Linda, treffen.

Eis schéi Campingplatz a Snowdonia..

Virun Abergavenny  hu mir nach e flott Duerf besicht dat eis een vun eisen Noperen op engem Caming ugeroden hat « Hay on Wye » Pittoresk war dass an deem Duerf bestëmmt 20 Bichergeschäfter ware wou nei wéi aal Bicher gehandelt gi sinn.

Déi Zäit mam Linda a Noldi war ganz flott. Gutt Iessen a relax zesumme sinn war ugesot.

Den 22ten September geet et da weider an de Cornwall. Mir fueren a Richtung op Land’s End, de westlechste Punkt vu Groussbritannien,  duerch « Dartmoor » wat eng wonnerschéi Géigend ass.

Zu Tavistock war dann dee groussen Dag. Ech konnt endlech fëschen ouni grouss nach mussen iergendwou e Permis ze organiséieren.

Owes hu mir da mat vill Stress an iwwert eng Stonn eise Caming gesicht dee mir reservéiert haten. De Büro war natierlech um siwen Auer owes zou a mir hunn eis einfach op eng frei Platz gestallt an eng vun de super Forelle gegrillt.

Weider geet et dann op Land’s End, Mousehole (wou mir bal an de Stroossen stieche bliwwe sinn), Newlyn a Penzance. Et ass da leider och déi éischte Kéier wou et richteg Reent am Nomëtteg an och net méi ophält.

Land's End

Mousehole

Flotte Restaurant zu Newlyn

Den Dag drop ass dann nees schéi Wieder a mir maachen e super Ausfluch op de St.Michael Mounth zu Marazion. Dëse Bierg erënnert un den Mont St. Michel an der Bretagne.

Et war eng Buerg, dunn e Klouschter an herno e Schlass.

Mat klenge Scheffer geet et eriwwer...
Mat klenge Scheffer geet et eriwwer...

Stoke Fleming

Vum Süden geet et elo lues a lues a Richtung Osten fir op Dover wou mir wëllen de Ferry huele fir op Calais. Dës Stréck féiert eis duerch kleng Dierfer an eng Onmass vu klengen Häfen.

Dartmouth
Dartmouth
Dësen Autoferry gëtt mat engem Schëff gezunn..
Dësen Autoferry gëtt mat engem Schëff gezunn..
Op der Buerg zu Dartmouth
Op der Buerg zu Dartmouth
Totnes
Totnes
Sidmouth
Sidmouth