Portland
Eise virleschte Stopp ass de New Forest. Mir hunn eng gutt Platz kritt a mir kënnen den Apéro dobausse virum Camper beim Sonnenënnergang genéissen. An der Nuecht fänkt awer un mat reenen ewéi aus Eemere geschott. De ganze Samschdeg ass emol Reen a Sonn. Dat ass awer kee Problem well mir haut duerch de New Forest fuere wou d’Päerd frei lafe kënnen. Eng wonnerbar Natur. Et ass dem Jang säi Gebuertsdag a mir ginn den owend gutt Iessen an den « Chewton Glenn » zu New Milton.
Christchurch
Camping Thorney am New Forest
Weider geet et bei schéinem Wieder laanscht d’Küst iwwert Porthmouth, Brighton, Eastbourne bis erop op Canterbury.
WE ARE ON OUR WAY HOME ! 🙂
E Mëttwoch um 12 :55 huele mir de Ferry P&O vun Dover op Calais. Et war e flotten Tripp.
Hei déi lescht Fotoen .....