Johannesburg - Johannesburg

Den 10ten Oktober geet et lass. Ab Lëtzebuerg iwert Frankfurt op Johannesburg. 

Während zwee Deeg visitéieren mir Johannesburg, Pretoria an Iwernuechten op enger Safari Ranch.

Hei d'Route vun eiser ganzer Rees.

Den Tour mam Bus zu Johannesbourg huet eis gewisen dass Joburg-City wierklech net schéin ass. Praktesch all Häiser an Hoteler sin net méi bewunnt. Déi grouss Geschäfter sin an den Norden vun Joburg gezun. 

Duerfir ass eis Heia safari ranch formidabel. Hei gesin mir schon eis éischt Giraffen. D'Roundals wou mir wunnen sin ganz einfach awer et ass alles do wat een brauch.

Sonndes owes si mir beim Denis an Sandor invitéiert. Den Denis ass en Frënd vum Jang, deen hien schon 20 Joer net méi gesin huet. Deen Owend war einfach super fir den Ufank vun esou enger Rees.

Méindes hu mir Pretoria visitéiert mam Burenmemorial an dem Unionbuilding.

Muer kréien mir eisen Camper.........🙂

Zu Sabie beim Bobocampers hun mir all eis Camperen kritt.

Nom éischten STRESS mat lengs fueren an lengs Gäng amaachen si mer  a Richtung Krügerpark gefuer. Op deer Streck konnten mer verschidden Stied an d’Natur bewonneren.

Déi drei Deeg am Krügerpark waren immens flott. Vun moies um 6:00 Auer  bis owes géint 16:30 op der Pirsch vir esouvill Déieren wéi méiglech ze gesin. Et kann een net vun Vakanz schwätzen.  All owes hun mir en Briefing um 18:00 Auer vir den Dag drop ze plangen. Mee et ass dat wärt.

Vum Krügerpark geet et wieder an den Botswana. Mir haten e besschen Pesch. Den leschten Dag am Krügerpark haten mir en Platten vier lengs. Mat vill Hëllef vun eisem Guide ass den Pneu gewiesselt gin. Den Dag drop ass en gefleckt gin fir en mëttes nees ze gebrauchen. Dun haten mer en Platten hannen rechts. Mee mir wëssen jo elo wéi et geet…….awer bei 38 Grad ass et trotzdem net esou flott.

Zu Kasane am Chobe Nationalpark ass moies eng Safari. Dat heescht um 5:00 opstoen. Mëttes maachen mer eng Bootstour um Chobe River.

D’Victoria Falls waren trotz manner Waasser immens schéin. Et geet en Wanderwee laanscht déi aner  Säit, esou dass een  flott Vue’en huet. An Südafrika huet et extrem wéineg gereent déi lescht Joer. All kleng Flëss sin eidel an déi grous hun nëmmen ganz wéineg Waasser.

De moien waren mir ausserhalb (15Km) vun Victoria Falls en Village kucken.  Hei konnt en ganz gutt gesin wéi d’Afrikaner liewen ausserhalb der Stadt.

Déi obligatoresch soirée am Viktoria Falls Hotel ass fir den owend reservéiert.

Ausnamsweis am Convoie iwert d'Grenz