Zimbabwe-Botwana-Namibia

Den Owend am Viktoria Falls Hotel war ganz flott. D’Iessen war en Buffet. Et war eng immens grouss Auswiel vun Sushi an Sashimi, Spiessen vun Krokodil, Impala, Poulet, Kudu, Springbock. Ech hun emol den Krokodil probéiert….lecker! ännlech wéi Poulet.  Fréier war  dësen Hotel  d’Wunneng vun engem engleschen Gouverneur.  Also …. very britisch.

D’Campinger  waren bis elo ganz gutt. Deen een oder aaneren méi rustikal awer den Sanitaire war ëmmer OK. Bei all Camping ass eng  Schwemm an en Restaurant  wou mir alt owes giess hun wann keen Supermarché um Wee war.  Meeschtens Grillen mir, Bourenwurs ass nawel gutt. Et gesäit een och flott Konstruktiounen!

Iwert Gweta, Maun, Buitepos geet et wieder op Windhoek. Hei ass den Sëtz vun „Bobocampers“ wou mir eis Camperen gelount hun. Verschiddener  vun eis hun Problemer. Wuel dass mir hei zwee Deeg bleiwen kënnen déi Saachen geflëckt gin. Fir zwee Camperkoppelen ass den congé vun drei Wochen hei eriwer.

Um Wee fir heihin si mer zwee mol  iwert d’Grenz gefuer, an zwar vun Zimbabwe an den Botswana an vun do an Namibia. Et ass ëmmer mat vill Zäit verbonnen. Du därfs keen Fleesch mat iwert d’Grenz huelen. Dat wusten mir schon. Mee hei ass Afrika!! A wann si Loscht hun op Tomaten, Mëllesch, Gourgetten, Äppel etc. dann huelen se der dat och of.

Et muss een och ëmmer duerch en Pull Waasser trëppelen wat mat engem Desinfektiounsmëttel gefëllt ass. Keen wees esou richteg fir wat. Emol ass et den Chauffeur oder den Beifahrer.  Och dat ass Afrika!

Op engem Check point am Botswana  huet den Zaldot eis gefrot op mir Softdrinks hätten. D’Waasser huet en eis gelooss an den Jus huet en geholl. Et ass een hinnen zimlech ausgeliwert an hir Willkür huet mir déi éischte Kéier awer e besschen Angscht gemaach. Ech hu mech net immens Wuel gefillt a sin eigentlech frou dass mir elo an Namibia sin.

Zu Gweta hu mir am Babobab Camping  iwernuecht. En wonnerscheinen Camping an der Bruss mat villen Baobab Beem.

Um Wee fir op Maun haten mer vill Straussen déi einfach op der Strooss laafen. Mam klengen Flieger (6 Léit) si mir dun eng Stonn iwert den Okavango Delta geflunn. Och do huet een gemierkt dass vill Waasser feelt. Trotzdem war et immens schéin den Déieren nozekucken an d’Dierfer vun uewen ze gesin.

Virun Namibia huet Police gemengt mir wären ze schnell gefuer. Mir haten awer keng Pulla’en an den Polizist huet keng Rand geholl. Hien soot mir sollen dann bei dem éischten  Policebüro bezuelen. Deen hu mer awer net fonnt.

Owes ware mir an Namibia um Camping Zelda Game wou drei kleng Geparden vun den Besëtzer do opgeholl gi sin well d’Mamm se net wollt. Och en Stachelschwein haten se do.

Wéi mir bei Bobocampers all eis kleng Problemer gemellt haten wollten mir mam Ed an Norma an d'Stadt Windoeck goen. Um Check point hun se awer dun gemengt eis Pobeieren vum Camper wären net an der Rei. Bei aaneren war et den Führerschein deen net ok war. No zwou Stonnen Warden an Diskutéieren vun eisem Guide an der Chefin vun Bobocampers waren se dun awer averstaan dass mir därfen fueren. Bon dunn war et leider ze spéit. Mir probéieren dann haut nach emol. Affaire à suivre!

Mir hun zwee offiziell  Guiden op eiser Rees den Christoph an d’Isabelle. Si gin begleed vun enger Koppel (Patrick an Myriam) déi och bei Seabridge schaffen  an normalerweis an USA an CANADA den Guide maachen. Si gin hei wärend dëser Rees ugeléiert fir eventuel kënnen spéider des Rees mat aaneren Gruppen ze maachen.

Um Check point war elo keen Problem méi  an mir konnten all duerchfueren. Zu Windhoek haten mir en Guide deen eis e besschen iwert Geschicht verzielt huet. Et gëtt engem bewosst wéi  deitsch geprägt hei alles nach ass, obschon d’Afrikaner ufänken déi deitsch Nimm duerch afrikanesch Nimm ze ersetzen. Zum Beispiel hun si en Denkmal vun engem deitschen Generol an den Haff vum aalen Pompjeesgebei gesaat an do wou dat war en afrikanescht Denkmal gemaach fir un déi schlëmm Zäit vun den Kämpf teschend den deitschen Truppen an den Hereros ze erënneren.

Fir den Rescht ass Windhoek eng modern Stadt wou een alles kann akaafen. Schéin grouss Gallerien mat Geschäfter an gudden Restaurant’en. Déi meescht nach mat deitschen Nimm an d’Kichen ass och zimmlech deitsch.... Rest.Kaiserkrone oder Zum Wirt...

Christus-Kirsche

Meteorit

Vun Windhoek aus geet et op Waterberg an 20km virun dem Camping haten mir dann déi éischt „gravelroad“ oder „Schotterstrasse“. Op letzebuerg mir sin eng ¾ Stonn iwert Wellblesch gefuer.

Méi wéi 30-50km/Stonn kann een hei net  fueren. Et hopst an knuppt alles wat am Camper ass. Den Fotoaparat an  den Läppi hun ech an en Handduch gepack. Bis elo haten mer och nach net vill Stëps dobài  mee deen soll nach kommen. Déi Stroossen sin net geteert mee einfach aus Sand. Am ganzen wärten mer ëmm déi 2000km Schotterstroossen hun bis mer nees aus Namibia erausfueren….also 3 Wochen!

Den Camping um Waterberg war tip top. Mir sin och direkt op den Bierg geklomm wat eis 2 Stonnen an Usproch geholl huet. Fir erof waren et dann  1 ½ Stonn.  Den  Beierchen owes haten mir eis verdengt.

Haut si mer zu Tsumeb, och am Norden vun Namibia, ukomm. Muer geet et dann entlech an den Etosha National Park wou mir eis schon op d’Déieren fréen.

..... all ukomm..