Cape Town - Jo-burg

Iwert d’Lambert’s Bay, wou mir d’Bird Island besichen waren an och do campéiert hun  si mir haut zu Melkbosstrand, 20km virun Cape Town ukomm.

Hei bleiwen mir fir drei Deeg fir Cape Town an d’Ëmgéigend ze besichen.

Trommelowend...

Cape Town…..eng flott Stadt. Multi culti. Déi drei Deeg hun mir vill gesin. Den Tour ronderem den Cape war mega flott. All déi Andréck vun der Natur, den Bierger an dem Mier sin immens.

Et muss een awer och soen dass den Ënnerscheed vun den  Leit déi gutt hei liewen an den armen Leit immens grouss ass.

Zu Cape Town hun 4 Camper eis verlooss. Déi hun déi 6 Wochen tour gemaach. Elo ass eisen Grupp kleng  mat nëmmen 12 Camper. Et geet elo vill méi relax weider déi next zwou Wochen bis och mir eisen Camper mussen ôfgin.

Iwert  Stellenboch, mat engem mega flotten Pick-nick bei engem groussen Wënzer dem „Bochendaal“ , geet et wieder op  Hermanus an Mossel Bay.

Zu Hermanus wollten mir Wahlen kucken. Leider waren keng do awer duerfir haten mir eng  flott Bootsfahrt bei herrlechem Wieder  a mir hun 50% vum Präis zrëck kritt. Dank eisem Guide dem Christoph, deen alles fir eis mecht!

Mossel Bay war ganz flott an zu Oudtshoorm waren mir Cango Caves an eng Show Straussen Farm besichen. Eisen Camping do war mega schéin. Den Hans huet do och säin Gebuetsdag gefeiert.

Leider hun mir haut den 26ten November deen éischten Reen gehat zënter 7 Wochen. Mir sin um Mier zu Knysna an et sin nach nëmmen 13 Grad an et reent an bleist vun allen Säiten. 

Den ganzen  Wee wou mir elo fueren ass immens schéin a geet den gréisten Deel laanscht Mier. Och  all ons Campinger leien um Mier. Einfach super. Vum 27-29ten November bleiwen mir am Tsitsikamma National Park.

Am Tsitsikammer national Park hun mir en flotten Waterfalltrail gemaach, awer mega ustrengend.

Am Addo Elefant Park ukomm sin mir  direkt op d’Piersch gang.

Den Dag duerno si nach emol  bei d’Waasserlach „ Habour“gefuer um 7 Auer an hun do Kaffi  gedronk mat den Elefanten. Genial!

Fir dass en beim drenken net ëmfällt...

Zu Graaff-Reinet hun mir den Valley of Desolation besicht.