Wa mir geduecht hunn d’Ostküst wär schéin dann hu mir elo op den éischte Kilometere gesi wéi schéin d’Westküst ass. Um Wee fir op Sant’Antioco hate mir eng wonnerschéi Route.
An et geet esou weider. Wou mir hikommen ass et immens schéin. Mir hätten dat net geduecht.
Um Wee op Arbus
Eng super Fielsebar
E Méindeg hu mir zu Arbus kee Camping fonnt an hunn op engem Parking vun engem Agritourisme (B&B) geschlof. Si hunn eis näischt gefrot a mir hunn dunn awer do giess. E flotten Owend mat Italiener, Däitscher an enger belscher Koppel déi bei eis um Dësch sutzen. De Menu war Sardinesch !!! Richteg flotten Owend.
Dënschdes si mir nach mat der Vespa op d’Costa Verde gefuer. GENIAL !
Elo den Owend hu mir um Camping Village Spinnaker zu Torre Grande agecheckt a sinn do vun honnerte vu Mustiken iwwerfall ginn. D’Mustike sinn hei wierklech schlëmm. Fir Muer steet La Penisola del Sinis um Programm. AN !!!!! Et ass mäi Gebuertsdag !!
De Wee iwwert Oristano, Cuglieri bis op Bosa ass formidabel. Zu Cuglieri gi mir zu Fous bis ganz erop wou d’Basilica steet mat immenser Vue op d’Stad. Et war ustrengend bei 35 Grad mee et huet sech gelount. Wéi ëmmer maache mir esou Saachen tëschent 13 :00 an 16 :00 Auer wou kee Mënsch op der Strooss ass. Et ass jo SIESTA an déi ass hei omnipräsent.
Eis Stellplatz
Bosa huet eng flott Alstad déi mir nach owes besichen. Mir stinn op enger Stellplaz direkt um Mier. Rustikal awer schéin. Mir hunn decidéiert hei en Dag ze relaxen a fueren eréischt den 23ten weider op Alghero.
D’Nuraghen Festung Palmavera, Capo Caccia an d’Neptune’s cave (654 Trappen erof a natierlech nees erop! an dat bei 30 Grad an der praller Sonn) waren eis éischt Zieler. D’Alstad huet eis gutt gefall an d’Nekropoli Anghelu Ruju (Griewer vun 4000-3500 viru Christi) waren interessant.
Capo Caccia
Hafen Alghero
Weider a Richtung Norde verbrénge mir e formidabelen Dag op Stintino a Capo del Falcone.
Mir schlofen zu Valledoria op engem léiwe Camping um Mier.
Capo del Falcone
Camping Valledoria
Camping Valledoria
Portobello