.... Ostküst

Hafen zu Olbia

Zu Olbia si mir gutt ukomm, och wann de Ferry schon e puer Joer um Bockel hat !

Den éischten Androck vu Sardinien ass super !!! Mat der Vespa si mir gutt ënnerwee.

Cabo Coda Carvallo
Cabo Coda Carvallo

Cabo Coda Carvallo


Cabo Coda Carvallo


Cabo Coda Carvallo


Cabo Coda Carvallo

Déi éischt dräi Deeg verbrénge mir ronderëm Budoni wuel dass mir d’Ostküst erof fueren. Porto San Paolo, Capo Coda Cavallo, Posada a La Caletta …..

Duerno geet et weider op Orosei wou mir Sonndes Moies um Camping anchecken.

Am Biderosa Nationalpark fuere mir mat der Vespa déi schéi Stränn of. Et si wonnerbar Plaze wou mir e bessche relaxe kënnen.

No zwee Deeg geet et d’Ostküst weider fir d’Grotta del Bue Marino an d’Cala Luna mat engem Boot ze besichen. De Camping do ass kleng awer tip top.

Mëttwoch geet weider op Arbatax duerch d’Bieger. Eng wonnerschéi Stréck.

Eise Camping do war super schéin an Terrassen ugeluegt. Mir haten eng super Vue op d’Mier.

Eisen Tripp geet haut weider duerch d’Bierger iwwert d’Jerzu, Pedrasdofogu, Ballao, San Vito bis op Muravera wou eise Camping « 4 Mori » direkt um Mier leid. Hei bleiwe mir zwee Deeg, bis e Sonndesch.

Grotta Bue Marino
Grotta Bue Marino
Cala Luna
Cala Luna
Province Nuoro
Province Nuoro

Grotta Bue Marino


Grotta Bue Marino

Marina San Gemiliano

Déi zwee Deeg op der Costa Rei ware super schéin. Et si schon immens vill Turisten ënnerwee mat klenge Kanner déi nach net an d’Schoul mussen (3 Méint bis 5 Joer)

Action !!!

Méindes geet et da weider a Richtung Cagliari mat engem Stopp zu Villasimius.

Déi roud Fielsen
Déi roud Fielsen

Déi roud Fielsen


Déi roud Fielsen

Jerzu, gudde Cannonau Wäin
Jerzu, gudde Cannonau Wäin
Costa Rei
Costa Rei

Haut si mir mat der Vespa vu Villasimius op de Capo Carbonara an nach e Stéck lanscht d’Ostküst gefuer. Mega schéin. Owes ware mir an d'Stad wou eppes méi lass war wéi um Camping. Flott Ambiance matt Stänn op de Stroossen a vill Leit.

Muer fuere mir awer dann definitiv an de Süden op Cagliari. Et ass Mëttwoch den 13ten.

Alles ronnderëm Villasimius
Alles ronnderëm Villasimius

Alles ronnderëm Villasimius


Alles ronnderëm Villasimius


Alles ronnderëm Villasimius


Alles ronnderëm Villasimius

Cagliari

Cagliari

Cagliari