Zu véier mat zwee Camper

Scho méi oft hu mir driwwer geschwat zesummen an Alaska Fëschen ze goen. Bon!!! "Fëschen" maache mir bestëmmt awer virun allem wëlle mir och déi schéin Natur kenneléieren.

Mat der Idee maache mir, John, Nadine, Jean an ech,  eis en Donneschdeg den 13ten Juli op de Wee.

Bei guddem Wieder an 21 Grad si mir zu Anchorage ukomm. Wat eis net esou bewosst war ass dass hei an Alaska elo am Juli 21 Stonnen Dagesliicht ass. Bis no Mëtternuecht ass et nach hell.

Mir verbréngen zwee flotter Deeg do bis mir dann e Samschdeg eis zwee Campere kënne siche goen. D’Aféierung ass per Video während enger hallwer Stonn. Duerno Akafen an op de Camping fueren.

Éischte Schock !!!! d’Reservatioun huet net geklappt a mir hu keng Plazen. Also baussen dem Camping schlofen. Mir däerfen awer d’Dusche benotzen a bezuele just d’Hallschent vum Präis, 20 Dollar.

an hei si se ....

Eis Route geet Richtung Homer an no zwou Stonne mierke mir dass beim Camper vum Jang a mir de rietse Pneu Loft verléiert. Bei der nächster Gelegenheet gëtt en opgefëllt. Mir fueren um Seward Hwy duerch eng wonnerschéi Bierglandschaft laascht d’Waasser wou vill Leit Fëschen. Hei geet et nëmmen ëm d’Fësche vum Saumon.

Owes schlofe mir zu Cooper Landing an engem schéine rouegen National Park Camping «Quartz Creek Camping» mat engem flotte Lagerfeier. De Pneu ass OK.

Kleng Geschicht : well ech net wollt dass et am Camper ze vill no Feier géif richen hunn ech iergendwann d’Dier zougemaach. Déi zwee Schlässer waren op zou gedréit esou dass d’Dier sech automatesch gespaart huet. Leider waren d’Schlësselen am Camper a mir virun zouenen Dieren. Ech hu misse mat Hëllef vum John op de Camper klammen an de Mëckefilet vun der Luck futti schneiden a mat der Fëscherstang de Schlëssel fëschen. Ech well guer net wësse wat déi aner Leit um Camping geduecht hu well déi waren all hei fir SAUMON ze fëschen am Kenai River.

Méindes fuere mir gemittlech weider op Kenai City wou mir gesi wéi hei de Sockeye (e Saumon) mat risegen Episette gefaange gëtt. De Sockeye schwëmmt de Kenai River erop fir ze Läichen a während der Zäit friesse se näicht. Dat ass zwee Mol am Summer wou de Saumon esou gefaang gëtt. Nëmmen déi Einheimesch däerfen dat maachen an och just 25 Fësch pro Famill. Et sinn dausende vu Fësch déi hei erop schwammen.

Dat ass hei NORMAL!

Zu Homer bleiwe mir dräi Nuechten. Et ass immens schéin hei och wann d’Wieder den éischten Dag net esou gutt ass. Um Wee vu Kenai bis heihin huet et e ganzen Dag gereent. Mëttwochs fuere mir mat engem Cruiser dräi Stonnen duerch d’Kachemak Bay.

E Wäisskappadler
E Wäisskappadler

Hallo......Greetings from Alaska..

Homer
Homer
zu Fouss op Homer
zu Fouss op Homer
beim Fëschen zu Homer
beim Fëschen zu Homer
Ferry Hafen zu Homer
Ferry Hafen zu Homer
De Wäisskapp
De Wäisskapp