Bis op Fairbanks d'Kéier maachen

Dat schwarz a wäiss gestreifte Gestell fällt an d'Waasser wann d'Eis brëcht.

E Sonndeg ass « la grasse matinée » ugesot. Mir sinn all midd. Géint 11:00 Auer maache mir eis op de Wee op Fairbanks. No enger Stonn si mir zu Nenana, e klengt Duerf vun 200 Awunner. Do kafen ech en Ticket vum « Nenana Ice Classic ». Et ass eng Lotterie wou ee ka rode wéini d’Eis am Nenana River brécht nom Wanter tëschent dem 1ten Abrëll an 31te Mee. Dat Spill besteet schon zënter 1917 an dausende vu Leit maachen do mat. Elo geet et ëm d’Fréijoer 2018. Um 16:00 komme mir zu Fairbanks um Camping « Good Sam » un a ginn nach an d'Stad. Et ass super Wieder.

Nenana
Nenana
Mir fänke keng Fësch an  huelen d'Kühlbox fir de Wäin
Mir fänke keng Fësch an huelen d'Kühlbox fir de Wäin
Um Camping
Um Camping
Eisen treien Begleeder
Eisen treien Begleeder

Nenana

Einfach eng schéi Foto

Fairbanks

Fairbanks

Ab en Dënschdeg si mir um Wee fir op Anchorage wou mir e Samsdeg de Fliger huelen.

Alaska ass einfach Natur puer. Mir hunn nach ni op esou vill Naturcampinger campéiert wéi dës Vakanz. D’Camper sinn och super gutt wat hire System betrëfft. Mir hunn en Kompresser fir Elektresch, grouss Waassertanken a grouss Schlechtwaassertanken. Et kann een oft eidel maachen a frësch Waasser tanken. Méi brauch een net. D’Fësche war fir eis bis elo net esou einfach. Vill Reglementer. Mir hunn eis wuel ameséiert mee keng Fësch gefaang. Do muss een e Guide huelen oder mat engem Schëff erausfueren. Mee wéi scho gesot hu mir immens vill Saumon geschéngt kritt

Elo si mir zu Willow ukomm an do huet alles geännert. D'Saumon'en sinn do!!! Honnerte schwammen de Floss erop.  Mir verbréngen e flotte Mëtteg do an hunn och Fësch gefaang. D'Fësch muss een nees zréck an d'Waasser setzen wann ee se net richteg gefang huet, d.h. de Krop an der Schnëss. Et sinn esou vill Fësch déi do schwammen, dass de John an ech e Saumon um Schwanz kritt hunn. Souwisou hu mir nach Fësch an en Donneschdeg gi mir de Camper of.

Forelle

Saumon

Saumon

E Mëttwoch hu mir nach Moies gefëscht a sinn du iwwert Wasilla (nom traditionellen Hamburger) op den Eagle Creek Camping gefuer. Do ass eise leschten Owend am Camper. Wéi esou oft gëtt haut och nees e gudde geschenkte Saumon gegrillt.

Den Ofschloss zu Anchorage ass mat engem genialen Dag gekréint ginn. Mir haten e Pick up gelount an hunn en wonnerschéinen Tour bei e Glacier gemaach. Einfach nëmme schéin.

Mëttes an enger Hütt..

mat Vue op d'Bierger..

an en Elch.

Et waren dräi flotter Wochen mat vill Aventuren. Och mir als erfuere Camper hunn nach Verschiddenes konnte bäiléieren. Virun allem wéi ee Schlëssele fëscht !!!

Bis geschwënn hei op dëse Säiten.