Seward bis Denali Park

Et war ëmmer vill Stréimung

No engem flotten Dag zu Homer mat engem Trëppeltour vun 13 Km si mir e Freideg weider a Richtung Seward gefuer. Am Crooked Creek State Recreation Site hunn de John an ech nach e bësschen Gefëscht. Dat ass net esou einfach well mir net dat richtegt Equipement hu wéi z.B. Stiwwelen déi bis iwwert de Knéi ginn. Hei stinn d’Fëscher am Floss fir ze fëschen. Mir musse vum Ufer aus fëschen.

E Camping ze fannen huet sech och als Problem erausgestallt. Et ass WE a nach ëmmer « Salmon runn ». D’Campinger sinn iwwerfëllt a mir mussen nach 130 Km fuere bis mir zwou Plaze kréien an engem ale Camping mat vill Chaos. Zu Seward bleiwe mir och méi laang.

Um Wee ...

op Seward

Chaos Camping.. awer flott

Seward ass awer elo déi coolste Stad. Si leit immens schéin um Mier am Kenai Fjords National Park. Mir sinn um Camping « Waterfront » mat enger formidabeler Vue op schnéibedeckte Bierger. Fir e Sonndeg hu mir eng Schëffstour bebucht fir d’Glacier’en kucken ze goen. Vläicht gesi mir jo och Orca’en.

Eisen Tripp war MEGA !!!

Den "HOST" vum Camping
Den "HOST" vum Camping

Eist Schëff ....

An du ware si do!
An du ware si do!

An du ware si do!


An du ware si do!


An du ware si do!

Och déi grouss Schëffer kommen op Seward

The catch of the day

Eigentlech wollte mir op Valdes fuere mat dem Ferry mee leider ass deen ausgebucht bis de 7ten August. Also eng aner Route huelen. Méindes geet et dann a Richtung Denali Park wou mir eng Bustour gebucht hunn. Mat dengem eegene Camper däerf een do net fueren.

Méindes owes si mir an engem flotten National Park Campground beim Trail River wou mir och kënne Fëschen.

Fësche war vill Spaass awer Fësch hu mir keng gesinn. Duerfir si mir den Dag drop an den Wildlife Conservation Center zu Portage gefuer. Dat war richteg schéin.

Willow Creek Camping

Just fir ze soen, mir hu jo bis elo nach keng Fësch gefaang awer schon dräi Sockey Saumon’e geschenkt kritt. D’Leit sinn hei immens léif an hëllefsbereet.

Um Wee nach ëmmer fir an den Denali Park maache mir e Stopp zu Talkeetna. Eng flott kleng Uertschaft wou d’Biergwanderer sech treffen. Hei ass déi Haaptattraktioun mam Fliger op de Mc Kinley ze fléien. Mat 400-500 $ op de Kapp bass de dobäi.

Owes schlofe mir nees an engem National Park Camping mat Lagerfeier. Muer den 29ten Juli ass eisen Tripp duerch den Denali Park

Am Denali Park hu mir déi  Big Five gesinn. Moosen, Grizzly Bear, Dall Sheep, Caribou, Wolves. Eise Guide, de Chavez, war och ausser sech well dat aussergewéinlech ass déi fënnef Déieren op enger Tour ze gesinn. Et war awer och e laangen Dag. 13 Stonnen si mir duerch de Park gefuer an de Chavez huet eis Geschichten erzielt déi witzeg an traureg waren. Vun Hënn déi fortgelaf sinn awer nees no enger Woch konnten agefaange ginn a vun engem jonke Bier dee si leider hu missen erschéisse well en bei d’Mënsche komm ass. E Ranger hat en esouguer ugegraff. Dat Trauregt ass dass d’Wanderer et an d’Schold waren duerch hier Onwëssenheet. Si haten sech net gutt informéiert wéi sech behuelen am Park. Si haten an enger kritescher Situatioun dem jonke Bier hire Rucksak dohigeheit a si fortgelaf. De war natierlech frou all déi Softdrinks an de Schockela ze friessen. An doduerch ass en ëmmer nees bei d’Mënsche komm well e geduecht huet e kritt ze iessen. D’Bieren hunn en enorm gudde Verhalt. Trauereg !

An der Brauerei zu Healy

Owes hu mir an der Brewery zu Healy giess. Ganz uereg.

Nuets um 12:00 wann d'Sonn ënner geet.