Um Wee fir dohinn .....

Fënnef Woche ware mir elo doheem an hu Villes an d’Rei gemaach. Den 2te Mee konnte mir eis dunn nees op de Wee maache mam Ziel « ALGARVE »

Éischte Stopp an der Loire wou mir dräi Schlässer besicht hunn :

Chambord, Chenonceaux an Azay-le-Rideau

Chambord ass impressionnant vun der Architektur hier. Chenonceaux e Waasserschlass wou et bannendra vill ze kucke gëtt a mat engem immens schéine Park. Azay-le-Rideau läit am Duerf an ass e klengt Schlass wat bannendra komplett nei restauréiert ass. Wuel dass et bis 1900 nach bewunnt war gesäit et och nach esou aus wéi wann ee géif dra wunnen.

Chambord
Chambord
Chenonceaux
Chenonceaux
Azay le Rideau
Azay le Rideau
Azay le Rideau
Azay le Rideau

Schéine Camping bei engem Séi zu St.Germain les Belles

Eigentlech wollte mir weider an d’Ardèche, hunn awer elo decidéiert iwwert Limoges, Cahors direkt op Toulouse (la ville rose) ze fueren. D’Ardèche versuerge mir eis fir de Retour. Um Wee hu mir e Stopp gemaach zu « St.Cirq Lapopie » beim Floss « Le Lot ». En Duerf aus dem Mëttelalter mat e puer historeschen Haiser aus dem 13te Joerhonnert.

St.Cirq Lapopie

St.Cirq Lapopie

Owes de 5te Mee komme mir zu Toulouse u wou mir zwou Nuechte bleiwen. Et ass extreme Wand. Mol kucke wat dat gëtt.

No enger stiermescher Nuecht mat vill Ree si mir awer moies op Toulouse gefuer. Mat der Navette vum Camping (wat et net oft gëtt) bei de Metro fir an d’Stad.

Toulouse « la ville rose » huet säi Numm net gestuel. Ganz schéin historesch Haiser aus katalaneschen Zille gebaut an eng grouss Foussgängerzon. Wéi esou oft ass d’Wieder besser ginn a mir hunn e flotten Dag verbruet och wann op all Eck Männer vun der Arméi stinn. D’Fransouse sinn nach ëmmer am Ausnamezoustand, an elo nach méi duerch d’Wahlen.

E flotte Mart...

an e coole beach..

Vun Toulouse aus weider op Saint Jean pied de port, e Pilgerduerf wat um Wee vum « Pèlerinage Saint-Jacques de Compostelle » läit. D’Wieder ass schéin a mir begéine vill Wanderer a Vëlosfuerer déi dëse Pilgerwee maachen. Och léiere mir e Lëtzebuerger kennen dee schonn e puer Joer, nodeems hien de ganze Wee op Compostelle an dräi Méint gemaach huet, hei wandere kënnt an all Joer als Benevol eng Woch am Aschreifs- a Vermëttlungsbüro hëlleft.

De Wee fir op Pamplona a Spuenien war eng Biergstrooss vu 75 Km wou mir zwou Stonne gebraucht hunn. Pamplona selwer ass eng flott Stad. Hei si mir och nees drun erënnert ginn, dass d’SIESTA grouss geschriwwe gëtt an tëschent zwou a véier Auer näischt lass ass.

Tapas zu Pamplona
Tapas zu Pamplona
St.Jean pied de port
St.Jean pied de port

Tapas zu Pamplona

Zu Pamplona ginn d'Stéieren duerch Stroosse gehetzt
Zu Pamplona ginn d'Stéieren duerch Stroosse gehetzt
Um Wee fir op Pamplona
Um Wee fir op Pamplona

Eng kleng Paus nach zu San Sebastian um Mier fir dann zu Zarautz um Camping anzechecken. Muer geet et weider op Bilbao.

Den Gugenheim Museum zu Bilbao huet eis et ugedoen. Déi fantastesch Architektur muss ee sech wierklech ukucken.

Och hei hu mir Lëtzebuerger begéint déi mir kennen.

Astorga

Eigentlech wollte mir jo lanscht d’Küst vum Atlantique fueren an dann erof an de Portugal mee elo hu mir awer d’Idee kritt fir duerch Spuenien dem Pilgerwee no ze fueren bis op St.Jacques de Compostelle.

Zu Astorga, mir sinn den 10ten Mee, maache mir e Stopp. Eng grouss Stad awer mat engem flotten Duerfkäer. Et ass frësch an owes fänkt et och u matt reenen. Mir schlofen op engem einfache Camping am Bësch zu Villamartin de la Abadia, no bei Leon.

Den Dag zu St.Jacques de Compostelle ass leider vereent a mir verloosse Spuenien mat impressionnanten Andréck vun all deene Pilger déi do no engem laangen an ustrengende Wee ukommen.