scho bal doheem

Méindes fuere mir op Montserrat, e Klouschter wat op enger Biergterrasse leit. D’Biergkette selwer ass impressionnant, 30 km laang a 5 km Breet. Montserrat ass och e Wallfaartsplaz wou vill Pilger hikommen fir d’Madonna vu Montserrat ze gesinn. Eng Marienstatü aus donkelem Holz geschnëtzt. Iwwert eng Stonn sti mir an der Schlaang fir se vu ganz no ze gesinn. Wonnerschéin. De ganze Site leit op 1200 Meter a mir hunn eng immens schéi Vue an den Dall.

Owes checke mir zu Berga um Camping an mat Vue op déi schéi Bierger. Well et esou schéin ass bleiwe mir zwou Nuechten. En Mëttwoch geet et weider op Cadaqués.

Montserrat
Montserrat
Montserrat
Montserrat
Camping
Camping
Berga
Berga
Berga
Berga

Vue vu Montserrat....

Cadaqués ass esou schéin. Verschidde Buchten an enger Reserve Marine. Hei gëtt vill getaucht a geschnorchelt. De Salvador Dali huet hei och en Haus gehat. Et sinn nach net vill Touristen do esou dass mir en agreabelen Dag verbruecht hunn.

d'Haus vum Salvador Dali
d'Haus vum Salvador Dali

Weider geet et op Estartit wou mir e flotten Owend mat de Kollegen aus dem Tauchclub verbréngen.  30 Joer geet de Club elo schon an dee selwechten Hotel « La Masia » an de Jang huet dës Sortie mam Club an d’Liewe geruff. Esou war et normal dass mir mat hinnen dësen Anniversaire gefeiert hunn.

Ab dem Freideg si mir um Wee fir Heem. Zu Carcassonne gi mir d’Buerg kucken a schlofen zu Castre. Weider iwwert Millau geet et op Clermont Ferrand mat engem Stopp zu St.Affrique. Zu Millau kucke mir eis nach de Viaduc de Millau un vum Sir Norman Foster…..formidabel !!!

Owes schlofe mir zu St.Remy Durolle. E Camping voll an der Natur. Muer geet et weider Richtung Lyon bis op Bourg en Bresse.

Vonnas

En Dënschdeg si mir gesonnt a monter heiheem ukomm. Bei Bourg en Bresse zu Vonnas hate mir nach e flotten Owend verbruecht an zu Dijon war eise leschte Camping fir dës Rees richteg schéi beim Lac de la Liez.

Hei nach déi leschte Fotoen. Bis geschwënn op eisem nächsten Trip an Alaska am Juli.🙂

Vonnas
Vonnas
Dijon
Dijon
Dijon
Dijon
Camping Lac de Liez
Camping Lac de Liez