De Moien hu mir och gemierkt dass hei d’Auer net op Summerzäit gestallt ass esou dass mir schonn um 7:00 Auer an den Dusche waren.
Um Wee fir op Coimbra maache mir e Stopp zu Aveiro. Eng flott Stad mat schéine restauréierte Jugendstilhaiser wou d’Facade mat Kachele gemaach sinn. Waasserkanäl lafen duerch d’Stad a verschidde Boubrécken hunn der Stad de Numm « Portugisëcht Venedeg » ginn. Weider geet et dann iwwer Praia de Mira op Coimbra wou mir am Camping « Ar Puro » fir zwou Nuechten anchecken.
Coimbra huet de Flair vun enger jonker Stad. Drëtt gréisste Stad aus Portugal mat der eelster Universitéit aus Portugal. Praktesch een Drëttel vun den Awunner si Studenten. Den Highlight vun eiser Visite war e Concert « Fado » gesongen vun 2 Studenten an zwee Studenten op zwou Gittaren (eng traditionell an eng typesch Gittar aus Coimbra) En formidabele Concert.
D'Universitéit
Méindes fuere mir e Stéck duerch d’Land an da wieder laanscht d’Küst a Richtung Algarve. Et gëtt e laangen Tour mat iwwert 400 km an zwee Stoppen zu Praia de Melides an Lagoa de Santo André. Zwou vun de schéinste Plagen. Owes schlofe mir am Duerf Vila Nova de Milfontes. Och hei ginn et wonnerschéi Stränn.
Ob eisem Wee bis ganz an de Süde vun der Algarve besiche mir verschidde Buchten a kleng Dierfer. D’Wieder gëtt ëmmer besser, haut hate mir schonn 30 Grad.
Ukomm an der Algarve siche mir eis e schéine Camping fir déi nächst Deeg.
Albufeira
Vilamoura
No zwee Deeg Relaxen si mir e Samschdeg an d’Hannerland gefuer. Vun Albufeira iwwert Paderne op Alte mat enger klenger Wanderung vun zwou Stonne bei de Castelo de Paderne (mauresch Buergruin). Eng kleng Paus mat Snack an da geet et weider op Salir an zum Schluss e Stopp zu Querença. Zu Loulé ware mir du leider ze spéit well all Geschäfter maache Samschdes schonn um 12:00 Auer zou.
Sonndes ass hei neicht lass. All Geschäfter sinn zou a mir profitéieren a maachen eise klenge Stot…..Wäschen a Botzen !! Nirwend eis sinn Hollänner déi fänke schonn um 12:00 Auer un mat enger Fiesta a sangen dann Owes lëschteg hir Lidder.
Igreja da Nossa Senjora da Assunçao
Méindes fuere mir op Faro, eng flott Alstad mat Festung. Och hei waren d’Storchen omnipräsent. Weider op Almancil wou mir eng Kierch ganz mat bloe Plättercher gemaach kucke ginn. Leider däerfe mir do keng Fotoe banne maachen. Zum Schluss nach e Stopp zu Santa Luzia, e Fëscherduerf wat awer och schon e bësschen touristesch ass. Eise Camping ass bei Tavira an ass super schéin.
Tavira huet eis gutt gefall. Flott Leit a schéi Geschäfter. Och hei gi mir d’Kierch kucken. Wéi ëmmer schéin. Am Mercado Municipal, eng grouss Maakthal, kafe mir an. Duerno geet et weider op Cacela Velha, eent vun de klengsten Dierfer hei an der Algarve mat herrlecher Vue op Sandbänken. Super schéin. Nach e Stopp zu Vila Real a mir verloosse Portugal fir nees a Spuenien zu Punta Umbria bei Huelva um Camping Playa la Bota anzechecken. Hei kréie mir eis Stonn zréck an et ass ½ 8 wa mir undocken.
Santa Luzia
Cacela Velha