Buenos Aires

Emol eng Rees ouni Camper. No engem agreabele Vol si mir e Samschdeg de Moien zu Buenos Aires gelant. Hei bleiwe mir e puer Deeg bis mir dann en Donneschdeg den 20ten um Schëff anchecken fir an d’Antarktis ze fueren.

Eisen Hotel ass am Quartier Recoleta. E ganz flotte Quartier wou och de Museo Nacional de Bellas Artes an e pittoreske Kierfecht sinn.Och en Owend mat Tango däerf net feelen. Wärend e puer Deeg maache mir verschidde Quartieren wéi Puerto Madero, Palermo, la Boca.

BA vun Uewen

Vue op de Kierfecht

Puerto Madero
Puerto Madero
La Boca
La Boca
Mausoleum vum Evita Peron
Mausoleum vum Evita Peron

Puerto Madero


Puerto Madero

Ëmmer flott Bistroen

Leschten Dag, Muer geet ët op d'Schëff.

Eisen éischte Stopp ass zu Punta del Este, Uruguay. Mir ginn u Land a maachen e flotten Tour an no  e puer Deeg hu mir eis och um Schëff gutt agelieft an eis un de Rhythmus gewinnt. Lues a lues gëtt eis bewosst dass dat hei keng normal Croisière ass mee eng Expeditioun op South Georgia an an d’Antarktis. Net manner ewéi 18 Leit zielt d’Expeditioun Team déi eis alles ziele wat mir wësse wëllen. All Dag ass e Briefing iwwert den Oflaf vum Dag. Wéi a wou mir u Land ginn. Wéi d’Konditioune sinn a wéi eng Pinguinen a Séiléiwe grad do sinn. Et gi ganz streng Kontrolle gemaach dass mir keen Dreck mat u Land huelen oder herno mat op d’Schëff bréngen. Ganz South Georgia ass protegéiert wat d’Natur an d’Pinguinen, d’Vullen an d’Séiléiwen ubelaangt.

Punta del Este
Punta del Este
Punta del Este
Punta del Este
Punta del Este
Punta del Este

Den zweeten Dag op South Georgia huet gutt ugefaang a mir si mam Zodiac u Land gefuer. Hei lieft eng Kolonie vun Adélie Pinguinen. Net manner wéi 300.000 Stéck.

U Land goen ass eng mega Operatioun well mir sinn zu 400 Leit a pro Zodiac kënne 15 Leit transportéiert ginn. Mir sinn a fënnef Gruppen agedeelt a mir sinn de bloe Grupp.

Géint 15 :30 ware mir zréck an dunn huet d’Wieder verréckt gespillt. E Grupp vun 60 Leit ass op Grytviken (e Walfangduerf) blockéiert gewiescht an huet missen an engem klenge Musée Schutz siche well de Wand enorm staark ginn ass esou dass d’Zodiacen net méi fuere konnten. D’Richtung vum Wand huet permanent geännert. Géint 19 :00 Auer waren dunn all Leit nees um Schëff.

Grytviken

Grytviken

déck midd