a weider an d'Antarktik

Den Dag drop, eise leschten Dag op South Georgia, war d’Wieder och zimlech onsécher esou dass mir just konnte ronderëm d’Insel fueren. Och all Sortië mat de Kajaken huet missen annuléiert gin. Géint 16 :00 huet d’Quest (eist Schëff)  sech op de Wee gemaach fir d’Peninsula Antarctica wou mir den 29ten Dezember ukommen.

Den Drake Passage wäert nach emol wackeleg ginn. Haut waren och scho manner Leit um Iessen …….

De 29ten Dezember komme mir zu Elephant Island un, ëmfueren d’Insel a Richtung Peninsula.

Elephant Island
Elephant Island

Den éischten Dag op der Peninsula Antarctica. Plaz heescht Brown Bluff. Leider kënne mir net u Land well Eisbrocken de Wee zougesat hunn. Duerfir gëtt et e Zodiacride wat och flott ass. Mir si jo dee bloe Grupp an déi éischt déi däerfen an d’Zodiacen. Um 5 :30 Moies d.h. um 4 :30 opstoen. Mir si jo net an der Vakanz hei !!!

De leschten Dag vum Joer verbrénge mir bei Curverville. Do lieft eng Kolonie vu Gentoo Pinguinen. Mir fueren dann nach e Stéck weider bis op Torgersen Island fir do ze Ankeren. Hei ass och Palmer Statioun wou iwwert d’Antarktis gefuerscht gëtt.

Silvester war eng flott Soirée a mir freeën eis fir den 1te Januar mam Kayak eraus ze fueren.

Damoy Point den 2te Januar.

Waterboat Point mat Gentoo Pinguinen war den 3te Januar um Programm. Et ass eng inaktiv Base vun de Chilleenën déi een elo ka besiche goen. Verschidden Expeditiouns Gruppe sinn do wärend 6 Méint am Joer fir d’Pinguinen ze studéieren. Hiert Haus ass zimlech einfach.

Damoy Point

Damoy Point

ëmmer bisi …..

Waterpoint
Waterpoint

déi éischt Bebeë kommen op d'Welt...

einfach nëmme schéin ….

An hei hatte mir mega Chance d'Walen ze gesinn

Ushuäia

Nach emol mam Kayak eraus um 13 :00 an den Owend geet et a Richtung Ushuäia. Dat heescht zwee Deeg relaxen on sea.

Ushuäia

Poste um Enn vun der Welt

Punta Arenas
Punta Arenas
Lamas am Punta Arenas
Lamas am Punta Arenas
Punta Arenas
Punta Arenas
Glacier El Brujo
Glacier El Brujo
Glacier El Brujo
Glacier El Brujo

Gudde warme Chocolat mat Vitaminen op Deck ...

Castro

Castro ...
Castro ...
Puerto Montt
Puerto Montt
Puerto Varas
Puerto Varas
Puerto Varas
Puerto Varas
Puerto Varas
Puerto Varas

Gréiste Séi vu Puerto Alvas