Hamburg, Litauen, Lettland, Estland

Mat engem Stopp zu Münster, enger super flotter  Stad mat top Camping, si mir gemittlech zu Hamburg en Dënschdeg ukomm. Wéi ëmmer fuere mir op d’Stellplaz «Grüner Deich » déi praktesch an der Stad ass direkt bei der S-Bahn.

Hamburg gefält eis ëmmer gutt an hei treffen ech dann och meng léif Frëndin Petra. Mir verbréngen den Nomëtteg am Quartier d’Övelgönne wou immens schéi Villae stinn an e coole Strand ass.

E Musical däerf natierlech net feelen a mir hunn eis fir de « Cirque du soleil » PARAMOUR decidéiert. Immens flott.

D’Elbphilharmonie ass wonnerschéin a steet fir all Touristen un éischter Stell. Mir haten och nach d’Chance zwou super Plazen ze kréie fir e Concert Berg & Bruckner mam Dirigent Paavo Järvi.

D’Wieder gëtt besser an haut, Samschdeg, fuere mir op Blankenese.

Muer geet et weider op Kiel wou mir de Ferry huelen op Kleipeda (19 Stonnen).

Blankenese

Buerg zu Trakai

D'Iwwerfaart op Klaipeda war ganz relax. Net vill Leit u Bord. D'Wieder ass tip top ëm déi 25/26 Grad. No der éischter Nuecht a Litauen zu Klaipeda geet et elo a Richtung Trakai mat engem Stopp zu Kaunas déi zweet gréisst Stad no Vilnius. Mir ginn awer just an d'Alstad déi wierklech flott ass.

Géint zwou Auer geet et da weider op Trakai wou et eng Buerg ze kucke gëtt. Immens gutt restauréiert (iwwert 70 Joer) mat vill Informatioune vun der Geschicht vun dëser Buerg.

Jurbarkas
Jurbarkas
Kierch zu Seredzius
Kierch zu Seredzius
Camping Kaunas
Camping Kaunas
Kaunas
Kaunas
Trakai Buerg
Trakai Buerg

Als Ofschloss vun dësem Dag (Mëttwoch den 22.5.) fuere mir nach weider op de City Camping Vilnius. Fënnef Kilometer vun der Stad esou dass mir mat der Vespa kënnen op Tour goen. Hei bleiwe mir zwou Nuechten. Vilnius ass zënter 1994 e UNESCO-Weltkulturierwen.

D'Anna Kierch
D'Anna Kierch
Orthodoxesch Kierch
Orthodoxesch Kierch

Vu Vilnius si mir weider an de Norde gefuer an hunn d’Grenz fir a Lettland passéiert. D’Landschaft ass einfach immens schéin, gréng an onberéiert. Zu Aglona gi mir nach déi imposant Basilika kucke wou fir Maria Himmelfaart  zéngdausende vu Pilger kommen. Owes schlofe mir an engem private Camping beim Séi. Et gi bal 300 Séien awer keng Seegelbooter, keng Motorbooter, just e puer Fëscher déi op de Kaarp ginn.

Mir fueren duerch kleng Dierfer mat Holzhaiser a Storchen op den Telefonsmasten déi hier Kleng fidderen. Kilometer laang Pissblumme laanscht d’Stroossen, wat et bei eis jo bal net méi gëtt. Einfach schéin. Am Nomëtteg passéiere mir nees d'Grenz fir an Estland a mir schlofen bei Vöru zu Polva.

De Moie war d’Wieder nach gutt a mir hunn e flotten Trip op Tartu gemaach. An enger grousser Maarthal konnte mir eise Frigo fëllen. Zu Tartu war eng international Velokurs (124Km a 56Km) an d’Geschäfter waren all op. Litauen, Lettland an Estland huet keng festgeluechten Ëffnungszäiten.

Am Nomëtteg fuere mir weider an de Norden. Et fänkt u mat reenen a mir si frou wa mir um Camping ukommen. D’Wieder ass stiermesch a kal.

Tartu
Tartu