Estland

Eise Camping läit um finnesche Mier an Haut féiert ons Route laanscht Küsten a Buchten. Hoffentlech hält d’Wieder sech e bësschen. Vösu wou mir Owes ukommen entpuppt sech als Vakanzenduerf mat immens schéinen Holzhaiser a mat vill Léift gemaachte Gäert. De Pup ass rustikal a mir kafen nach an der klenger Epicerie an.

D’Wieder ass haut ganz schéin an eise Wee geet op Käsmu. En alt Fëscherduerf vun 1453 mat enger gemëschter Populatioun vun Estonier, Finnen a Schweden. Käsmu ass räich ginn duerch de Bootsbau an 1884 ass och eng Seegelschoul gegrënnt ginn. Mir besichen d’Kierch an de Musée Maritime dee vu private Leit gemaach ginn ass. D’Madamm Guide war ganz witzeg an huet iwwert dem Erzielen nach e Kuch gebak. Am Nomëtteg verloosse mir de « Lahemaa National Park » a Richtung Tallinn.

Musée Maritime
Musée Maritime
Musée Maritime
Musée Maritime

Domkirche St.Marien

Tallinn, d'Haaptstad vun Estland a fréier eng vun den Hansestied, begeeschtert eis duerch seng wonnerschéi Jugendstil Architektur. D'Alstad ass ëmgi vu bombastesche Maueren an zënter 1997 och UNESCO Kulturierwen. Vum "Domberg" aus huet een eng schéi Vue op d'Alstad. 

D'Wieder spillt mat och wann e kale Wand bléist.

och d'Bistroe sinn ureg ..
och d'Bistroe sinn ureg ..

Helsinki Cathedral

Vun Tallinn aus kann e flott mam 2 Stonne Ferry op Helsinki eriwwer fueren. Wat mir natierlech maachen. De Camper ass gutt versuergt um schéine Camping zu Saue, esou dass mir eng Nuecht zu Helsinki schlofen. 

Vue vun der Bibliotéik vun Helsinki ….

Altor vun enger der gréister orthodoxescher Kierch
Altor vun enger der gréister orthodoxescher Kierch
super modern Bibliotéik
super modern Bibliotéik

De Sonndeg huet mat Stress ugefaange well mir eng Gaspann haten. An der Meenung mir hätten zwou voll Fläschen hate mir just eng. An déi war e Sonndeg eidel. Keng Heizung, kee Grill, kee waarm Waasser. No laangem Sichen hu mir e fonnt deen eis Fläsche gefëllt huet well hir Fläschen net op eise System passen. Zu Paralepa schlofe mir op eng klenge Camping an der Natur. Geduscht gëtt am Camper …. et ass e bëssi rustikal….

Méindes fuere mir iwwert Haapsalu, eng léif kleng Stad aus der Zarenzäit, mam ferry op d’Insel Saaremaa.  D’Beschofsbuerg an d’Gare zu Haapsalu huet eis gutt gefall.

Haapsalu
Haapsalu

Haapsalu


Haapsalu

D'Gare vu 1906
D'Gare vu 1906
D'Beschofsbuerg
D'Beschofsbuerg