...op de Ferry
De Camping zu Salme leit bei zwee Weieren net wäit ewech vu Kuressaare wou mir dann och e puer Deeg bleiwen. D’Wieder ass super gutt.
Camping Salme
Buerg zu Kuressaare
Entrée vun der Buerg
E Mëttwoch si mir mat der Vespa iwwert d’Insel gefuer, 154Km. An dat op EU-Stroosse bei super Wieder. Wat ech nach net erwäänt hunn ass dass mir hei ëmmer méi op Middsommer zouginn an d’Sonn de Moment géint 23 :00/23 :30 ënner geet, esou dass mir vill vun den Deeg hunn.
déi eelste Kirsch ass zu Valjala
Vu Salme iwwert Angla, Valjala a Pröide geet et weider op de Ferry a Richtung Pärnu.
Pärnu eng léif Stad direkt um Mier mat enger Stellplaz um Floss Pärnu.
E Samschdeg war d'Wieder esou schéin a mir wollten nach de Weekend relaxe virun dass mir op Riga fueren. Zu Skulte, 60 Km viru Riga, fanne mir e flotte Camping um Mier wou mir 2 Deeg bleiwen.
méi relax geet net ...
d'Iesse war super gutt
Riga d'Haaptstad vu Lettland.