Lettland bis Litauen nees op de Ferry

Vu Riga aus fuere mir d'Rigaer Bucht erop bis op de Kap Kolka a weider d'Küst vum baltesche Mier nees erof. Wonnerschéi Sandstränn wou net vill Leit sinn. Et ass nach net richteg Summersaison hei. Mir fueren duerch kleng Dierfer wou och ëmmer nees Parkplaze si fir bei d'Mier ze kommen. Et ass immens waarm a wa mir Donneschdes zu Ventspils ukomme gëtt et emol e fatzegt Donnerwieder.

D'Kierch vu Kolka leit ganz verstoppt
D'Kierch vu Kolka leit ganz verstoppt

D'Kierch vu Kolka leit ganz verstoppt

D'Biller um Altor waren hei einfach gemolt
D'Biller um Altor waren hei einfach gemolt
an d'Heizung war speziel
an d'Heizung war speziel
de Stand vun Tärgale
de Stand vun Tärgale

at the beach ...

all Camping huet kleng Vakanzenhaiser

Ventspils huet eis net esou gutt gefall mat senger tippescher kommunistescher Infrastruktur. Grouss Stroossen an vill HLMen. Enplus hate mir e mega Donnerwieder. Oft ass et 30 Grad an den Dag drop reent et mat seriöen Donnerwiederen. En op an of wat d’Wieder ubelaangt.

Mir fuere weider op Kuldiga. Eng vun de schéinsten ale Stied aus Lettland. Praktesch all Haiser sinn aus Holz a restauréiert aus dem 18. an 19. Joerhonnert. Richteg flott läit Kuldiga um Floss Venta.

Owes schlofe mir op engem Camping zu Broceni ganz eleng, kee Camper soss do, just e Bus mat Jugendlechen déi aus Amerika kommen. Hir Eltere si Letten déi ausgewandert sinn an all Joer eng Rees fir hir Kanner organiséieren dass si Lettland kenne léieren. Et war wonnerbar Wieder a mir haten e vun de schéinsten Owender.

Broceni

Broceni

Wéi scho gesot reent et nees de Sonndeg. Egal mir fueren op Rundales d’Summerresidenz vum Herzog Ernst Johann von Biron besichen. Wat keng schlecht Idee war.

Mini Zoo am Camping

Dee nächsten Stopp maache mir no bei Liepaja um Mier an engem flotte Camping mat engem Mini Zoo. D’Wieder ass esou gutt dass mir hei emol zwee Deeg bleiwen.

Een Dag relax op der Plage an e Mëttwoch si mir mat der Vespa op Liepaja gefuer. D'Plage huet eis do net esou gutt gefall well mir op der Plage vun eisem Camping einfach verwinnt sinn. Keng Leit a virun allem keng haart Diskomusek on de the beach.

Eise Camping

Klengen Hafen zu Liepaja

Eis schéi Plage um Camping Verbelnieki….

Eis lescht zwee Deeg am Baltikum hu mir op der Kurischen Nehrung verbruecht. Eng immens schéi Sandbänk vun 98 Km laang an tëschent 400-3800 Meter breet. Hei gëtt et eng vun de gréisste Kormorantkolonien aus Litauen, eng richteg grouss Sanddün, dem Thomas Mann säi Summerhaus, e puer ganz léif Dierfer a natierlech eng Bernsteinbucht ….an ….an…. an. Et war och eng flott Plaz fir mäi Gebuertsdag ze feieren.

An den Dünen
An den Dünen
Schéi Vue beim Thomas Mann sengem Summerhaus
Schéi Vue beim Thomas Mann sengem Summerhaus

An den Dünen

An ëmmer e schéinen Hafen ..
An ëmmer e schéinen Hafen ..
An iwwerall Wandrousen .. immens schéiner
An iwwerall Wandrousen .. immens schéiner

D'Post vu Klaipeda mat Klackespill a klassesch Musek

No engem gemittlechen Tour duerch Klaipeda huele mir Samschdes Owes de Ferry um 22 :00 Auer fir zréck op Kiel.

Et war eng flott Zäit och wann d’Wieder oft Kapriole geschloen huet a mir eis un hire Genre hu misse gewinnen. Verstanen hu mir d’Leit guer net op den Dierfer an englesch oder däitsch ass nëmmen an de grousse Stied oder op touristesche Plaze gaang.

Eise Ferry ass voll gepack.

Wandmillepark de Moie fréi