Mir hunn eis eroll an et geet weider

Zu Iquique hu mir Gas getankt a weider duerch d'Wüüst op Arica gefuer. Et ass enorm waarm, dompeg, obwuel mir laanscht Mier fueren. Vill Leit wunnen hei a Baracken, an Zelter um Mier oder einfach op der Strooss. Och wann d'Stad grouss an de Kär flott ass ginn et immens vill aarm Leit. Ech denken oft dass kee vun eis hei géif wëlle wunne mat all dem Luxus de mir zu Lëtzebuerg hunn. Witzeg war dann awer Owes wéi mir op eiser Stellplaz beim Mier stoungen si Jong an Al kucke komm an hu Fotoe gemaach mat de Camper.

Klenge Buttek bei der rouder Luucht zu Iquique
Klenge Buttek bei der rouder Luucht zu Iquique
Skulptur vum J.F.Flemming, Volker der Anden
Skulptur vum J.F.Flemming, Volker der Anden
Dës Skulptur, Ursprung des Stammes.
Dës Skulptur, Ursprung des Stammes.
D'Cathedral zu Arica
D'Cathedral zu Arica
Arica
Arica

Echte Kacktus.

De ganzen Dag déi Vue...

Haut den 12te Januar si mir zu Putre op 3600 Meter ukomm. Muer verloosse mir dann de Chile a reesen a Bolivien an Richtung La Paz.

Um Wee fir op La Paz si mir duerch El Altro gefuer, d.h. mir sinn Schrëtttempo gefuer wärend zwou Stonnen. E Schock fir mech wéi d'Léit hei a Bolivien aarm sinn a wéi si op der Strooss sëtzen. Et war och nach e Maart an duerfir onmoosseg vill Leit.

Deen hu mir nach gesinn virun El Altro en Vizcacha
Deen hu mir nach gesinn virun El Altro en Vizcacha
Typesche Kierfecht
Typesche Kierfecht
an engem verloossenen Duerf
an engem verloossenen Duerf
Maart zu
Maart zu
El Altro
El Altro