.... nëmme Pampa

Dräi Deeg fuere mir nëmmen duerch d’Pampa a Richtung Süden. Et sinn ustrengend Etappe vun 340, 330, 420 an 530 Km. Flott ass dass mir ëmmer um Mier iwwernuechte kënnen. Hei ginn elo eis Solarzelle gepréift. Den 13ten November si mir zu Puerto Pramides Valdez wou mir dann och 3 Nuechte bleiwen. Et ass eng Hallefinsel mat enger geschützter Bucht wou d’Orcaen a richteg grouss Walen hire Nowuess op d’Welt bréngen. Eng Bootstour steet hei um Programm.

Schlofplaz Monto Hermoso
Schlofplaz Monto Hermoso
Schlofplaz El Condor
Schlofplaz El Condor
Puerto Piramides, Valdez
Puerto Piramides, Valdez
Um whale watching
Um whale watching
Mam Trakter gin d'Booter an d'Mier gedréckt.
Mam Trakter gin d'Booter an d'Mier gedréckt.

An d'Wale waren do!!

De leschten Dag hu mir nach en Tour laanscht d’Küst gemaach. Muer geet et weider.

Mir freeën eis iwwert all léiwe Message dee mir vun iech iwwert eis Homepage kréien. Et ass schwiereg fir ze äntweren (schlechten Internet) duerfir villmools MERCI a léif Gréiss un iech all 🙂

Floss a Floss mat Vue op d'Mier...

Hei nach e puer Déieren déi mir op eisem Tour ronderëm d'Hallefinsel Valdés gesinn hunn.

E Gürteldéier

Op der Mëttesracht

De nächste Stopp ass zu Gaiman wou d'Leit vum Camping, wat éischter eng Baustell war, eis mat engem flotte Lagerfeier iwwerrascht hunn. Virdru géint 16:00 Auer war awer nach tea time ugesot an engem Téihaus wou och d'Lady Di schonn zu Gaascht war.

Mir fueren nach ëmmer duerch d’Pampa vu Patagonien an Iwwernuechten nees op schéine Plaze fräi beim Mier (485 Km). Et ass ganz vill Wand a mir kënnen net séier fueren (65-75km/Stonn)

Méindes, den 18.11., komme mir op Santa Gruz (déi  zweet gréisst Provënz vun Argentinien) a bleiwen zu Puerto Deseado zwou Nuechten. Dës Stad ass vum Englänner, Thomas Cavendish, 1586 gegrënnt ginn. Hien huet d’Stad no sengem Schëff Port Desire benannt wat da spéider Puerto Deseado ginn ass.  Hei kënne mir och nees d’Magellanpinguine besichen. Hien huet d’Stad no sengem Schëff Port Desire benannt wat da spéider Puerto Deseado ginn ass.  Hei kënne mir och nees d’Magellanpinguine besichen. Si liewen haptsächlech vum Fëschfang mee de Moment ass Schounzäit.

Tea Time
Tea Time
D'Argentiner si ganz séisser...
D'Argentiner si ganz séisser...
On the road
On the road
Mir haten eng Wagenburg gebaut...vill Wand um Mier
Mir haten eng Wagenburg gebaut...vill Wand um Mier
Caleta Olivia
Caleta Olivia

Schéine Kormoran

Wäiss mat Schwarz Delfinen

An natierlech Magellanpinguinen

En Dënschdeg den Owend (19.11.) ass et eng Kippche gi well d’Bärbel an den Hans si Grousseltere ginn. De « Mauro » esou heescht de Bouf ass emol gutt begoss ginn.

Eis Deeg fänke fréi un. Tëschent 6 :00 a 6 :30 si mir schonn op a fuere meeschtens géint 8 :30 fort. D’Etappen sinn nawell laang mee mir wëlle jo bis op Ushuaia an de Wee bis dohi geet praktesch nëmmen duerch d’Pampa, awer richteg Pampa (ëm 3.800Km op der Ruta 3). D’Stroosse si gutt mee et ass immens vill Wand.

Den 21te fuere mir fir d’éischte Kéier iwwert d’Chilenesch Grenz. Si si ganz kriddeleg mam Iesse wat mir aus Argentinien mat eriwwer huelen am Frigo. Hoffentlech klappt alles well wéinst enger Ierbes déi net deklaréiert ass kënnen si e mega Opstand maachen. A si hunn schrecklech vill Zäit. Hei kommen och eis Walkie Talkie’en an den Asaz.

Mir wëllen iwwert d’Magellanstrooss fueren a Feierland (Tierra del Fuego) a mussen de Ferry (45 Minutten) huele fir iwwerzesetzen. Eng Bréck ass virgesi mee dat dauert nach. Dat gëtt e laangen Dag. 480Km dann iwwert d’Grenz (et dauert eng déck Stronn) an och nach de Ferry. Owes gëtt et nach e « Feierlandumtrunk » spendéiert vum Janette, eise Guide. 

De Wand huet engem d'Luck ewechgerapt.
De Wand huet engem d'Luck ewechgerapt.
Flotte Kannerfolklor
Flotte Kannerfolklor
"Guanako" ginn et vill hei
"Guanako" ginn et vill hei

De Wand huet engem d'Luck ewechgerapt.

An de Gauchito kritt Fändelen an eppes ze drénken
An de Gauchito kritt Fändelen an eppes ze drénken

Laguna Azur

Meng Frënn d'Guanakos

Et war e mega flotten Dag mat schéiner Landschaft a ville Guanakoen. Déi gefale mir extra gutt. Um 7:00 Auer si mir lass gefuer de Moien an um 17:30 ware mir op eiser Stellplaz op Feierland. Op der Grenz hunn se eis d’Ënnen an de Knuewleck ewechgeholl. Mee soss alles paletti. Den Umtrunk war e Chilenesche Whisky.

Gravel road fir op Tolhuin

Recycling um Camping

d'Aen zou an eriwwer..
d'Aen zou an eriwwer..
Déi éischt Bierger
Déi éischt Bierger
P.N.Tierra del Fuego
P.N.Tierra del Fuego
Op der Wanderung am P.N.Tierra del Fuego
Op der Wanderung am P.N.Tierra del Fuego
Kuerz virun Ushuäia
Kuerz virun Ushuäia

Endlech hu mir et gepackt a sinn um Enn vun der Welt ukomm. FIN DEL MUNDO