Ushuäia, Torres del Paine, Los Glaciares

Ushuäia waren zwee flotter Deeg bei schéinem Wieder wat do net oft de Fall ass. Wuel dass mir jo am Januar schonn emol hei waren hate mir Zäit d’Stad vun enger méi kulinarescher Säit ze besichen.

Restaurant an engem General Store ….

Um Wee op Punta Arenas hu mir e Stopp bei de Keeserpinguine gemaach. Et ass eng ganz kleng Kolonie déi sech viru 15 Joer hei veriert huet an do bliwwen ass. D’Stroosse sinn hei « Gravel road » A Richtung Grenz hu 6 Camper Steng an d’Fënster kritt (mir och). E puer zimmlech schlëmm. E Camper hat och nach Motorschued.

Punta Arenas déck am Stress. Vill Geschäfter si verbarrikadéiert an d'Gebäi vun enger Pensiounskeess ass ofgebrannt ginn. D’Leit si net méi aferstan mat der Regierung. Si hunn einfach net genuch Sue fir ze liewen. Hei zu Punta Arenas ass et deier well alles muss mam Schëff, Camion oder Fliger heihi bruecht ginn. E normalen Aarbechter kritt 250.000 chilenesch Pesos (30-35 Euro). Mir hunn z.B. an engem Chocolathaus zwee Cappuccino, 1 Sandwich, 1 Stëck Äppelstrudel 19.200 chilenesch Pesos bezuelt. Wann een da bedenkt dass si sollen mat 250.000 ch.pes. e ganze Mount liewen. Dat geet net op. De Moment huet et sech berouegt well d’Regierung soll nei Wale maachen am Abrëll an de Mindestloun an d’Pensioune solle gehuewe ginn. Mee bis Abrëll ass et nach laang. Mir hoffen dass et esou bleift.

Villes ass zou, och d'Muséen
Villes ass zou, och d'Muséen
Dat verbrannte Gebäi
Dat verbrannte Gebäi
Et ass awer eng flott Stad
Et ass awer eng flott Stad

Eis Fënstere sinn nees all gefléckt. Just de mam Motorschued huet missen zu Punta Arenas bleiwe fir d’Reparatioun. An e puer Deeg soll en nees dobäi sinn.

Mir fuere vum Süden an de National Park TORRES DEL PAIN.  fir op eise Camping Lago Pehoé D’Strooss ass extrem schlecht mat ville Lächer a fiert sech och nach wéi op Wellblech. Maximum 30 Km/Stonn. Eise Camper muss vill mat maachen hei. Virum Camping fuere mir nach bei de Lago Grey fir eng flott Wanderung vun zwou Stonnen a kënnen déi riseg Äisbierger kucken déi um Séi schwammen. Vu wäitem kënne mir och de Grey Gletscher gesinn deen un de Grey Séi stéisst.

E Samschden an e Sonndeg maache mir flott Wanderungen am TORRES DEL PAINE. Einfach nëmme schéin.

Mir hu scho 4 x d’Grenz gewiesselt tëschent Argentinien a Chile a wëssen elo wéi et geet. Vun Argentinien an de Chile musse mir ëmmer all frësch Iesswuere verschaffen oder verstoppen. Vum Chile an Argentinien interesséiert sech kee Mënsch dofir war mir am Frigo hunn.

Claciar Grey
Claciar Grey

Claciar Grey

Eise Camping am Torres del Paine. Grandios
Eise Camping am Torres del Paine. Grandios
Immens vill Blummen..
Immens vill Blummen..

Claciar Grey

An héich erop op de Bierg

Wéi Wichtelcher..
Wéi Wichtelcher..
D'Réih vum Camping
D'Réih vum Camping
Ëmmer ënnerwee..
Ëmmer ënnerwee..
An d'Guanakoen och
An d'Guanakoen och

De Feierbësch

Salto Grande

An hei sin se "Torres del Paine"

An och nach emol um 5 Auer opgestan fir de Sonnenopgang.

Nom N.P. Torres del Paine hate mir eng Stellplaz bei engem Séi mat schéine Flamingoen.

Den 2ten Dezember si mir fir d’éischt iwwert d’Ruta 40 gefuer. Déi wäerte mir elo eng Zäit fueren. Et war e genoss nees op enger relativ gudder Strooss ze sinn. Ons Stellplaz ass haut op enger Schofsfarm wou mir gewise kréie wéi d’Schof geziicht a geschuer ginn. Et gëtt e lëschtegen Owend mat Schof vum Grill.

Eise nächste Stopp ass El Calafate an de N.P. Los Glaciares.

De Perito Moreno
De Perito Moreno

De Perito Moreno


De Perito Moreno

E eschten Awunner zu El Calafate
E eschten Awunner zu El Calafate
Eng flott Haptstrooss mat ville Geschäfter
Eng flott Haptstrooss mat ville Geschäfter

Um Wee op El Chaltén bleiwe mir nach bei der Estancia La Leona stoe fir e Kaffi an e gutt Stéck Zitrounentaart. Hei hunn och emol déi bekannte Gängsteren Butch Cassidy an Sundance Kid sech eng Zäit verstoppt. Zu El Chaltén ass eise Camping bal no europäeschem Standard. Waarm Duschen an genuch Waasser. E Genoss. Hei maache mir eng formidabel Wanderung (15,5km) ëmmer mat Vue op d’Bierger. Friz Roy und Co.

Um Wee
Um Wee
Estancia La Leona
Estancia La Leona

Um Wee

Ëmmer wëll Päerd
Ëmmer wëll Päerd
An och emol e Fus
An och emol e Fus
D'Fielsen sinn och ëmmer schéin
D'Fielsen sinn och ëmmer schéin

D'Fielsen sinn och ëmmer schéin


D'Fielsen sinn och ëmmer schéin

Bei enger klenger Wanderung
Bei enger klenger Wanderung
A mam Fotoaparat gespillt
A mam Fotoaparat gespillt

Dee groussen ass en ….. de Friz Roy

Bei der Wanderung d'Bierger ëmmer am Bléck
Bei der Wanderung d'Bierger ëmmer am Bléck
Den Här Specht
Den Här Specht
An d'Madamm Specht
An d'Madamm Specht
An duerno e gudde Béier
An duerno e gudde Béier

Chaltén e léift Wanderduerf

Den 2ten Advent hu mir och gefeiert mat engem gudden Gin Tonic