Ruta 40 .......

Weider geet et a Richtung Norden duerch d’Pampa, 295 Km mat 70 Km Pist, net witzeg ! Mir huelen och nach zwee Backpacker mat déi nëmme spuenesch schwätzen. Déi lescht zu El Calafate waren aus München, dat war ok. Awer hei war et mat Hänn a Féiss. Ech hunn e klenge Guide aus Lëtzebuerg matbruecht OP SPUENESCH !!! deen hunn ech hinnen ze liese ginn. Si ware begeeschtert a sinn de ganze Moie mat ons gefuer. Wéi mir eis nees getrennt hunn hu si och nach e Sticker vu Lëtzebuerg kritt 😊

Op eiser Stellplaz war eng Schwemm. Also gi mir schwammen. Net esou einfach. Als éischt gëss de kontrolléiert op’s du keng Lais a kee Fouspilz hues. Duerno gëss de bei de Baseng eskortéiert, däerf eng Stonn Schwammen (d’Waasser hat 35 Grad) an dann nees zréck an Duschen eskortéiert. Mee bon mir ware geduscht !!

Meng Frënn ëmmer dobäi
Meng Frënn ëmmer dobäi

D’Landschaft ännert sech elo a gëtt méi faarweg an déi 380km vun haut si séier gefuer. Owes schlofe mir beim Séi « Lago Buenos Aires »

Bis op San Carlos de Bariloche musse mir nach déi nächst dräi Deeg 850km duerch Pampa fueren.

Eis Stellplaz beim Séi Lago Buenos Aires

Rosa Flamingoen ënnerwee.

D'Ruta 40 ganz fir eis!

Spezielle Krëschtbam aus plastik Fläschen.

D'Vue ass onbeschreiflech beim Fueren ….

Et muss e ganz gutt kucke fir d'Madamm Nandu ze gesi mat hire Kanner….

Zu El Bolson hu mir emol endlech nees e schéine Camping wou mir op enger gudder Wiss stinn a net am Stëbs. D’Dusche si wéi ëmmer schnell eran a schnell eraus.

Den 13te komme mir op Bariloche. Do bleiwe mir zwou Nuechten.

Ënnerwee

E puer Fotoe vun El Bolson
E puer Fotoe vun El Bolson

Bis op Bariloche war schonn e klenge Pass ze maache vun 1300 Meter mat ganz schéinem Gënz a Lupinie laanscht d’Strooss. Bariloche läit um Fouss vun den Anden an ass vum däitsche Karl Wiederhold gegrënnt ginn. Verschidde Séien ëmginn d’Stad, z.B. den Nahuel Huapi. Hei ass och e National Park endstan.

Mir maachen hei e schéinen Ausfluch mam Sessellift op de Cerro Campanario.

Um Wee schéine Gënz
Um Wee schéine Gënz
Vue vum Cerro Campanario
Vue vum Cerro Campanario
Hei ass och Krëschtstëmmung
Hei ass och Krëschtstëmmung
E flotte schweizer Restaurant
E flotte schweizer Restaurant
Wou mir och eng Kéisfondue gies hunn.
Wou mir och eng Kéisfondue gies hunn.