Séien a Vulkaner am Chilé

De 15te fuere mir nees iwwert d’Grenz an de Chile weider a Richtung Osorno begleet vu wonnerschéinem Gënz an duerch de N.P. Puyehue. Kuerz virun eiser Stellplaz vun haut, bei enger Brauerei déi vun engem Däitschen aus Oberstaufen gefouert gëtt, bleiwe mir nach am Automuseum Moncopulli stoen. Do kënne mir 140 Oldtimer bewonneren an dovun 70 Studebaker. An zum Schluss drénke mir nach e gudde Pisco Sour mat eise léiwe Schwäizer Frënn. War e lëschtegen Owend ginn an der Brauerei.

Eng kleng Amuse bouche, Ceviche mat engem Mini Pisco Sour

Frutillar, Puerto Montt a Puerto Varas leien op eiser Streck fir erop an d’Bierger an dann um Fouss vum Vulkan Osorno ze schlofen. Formidabel.

Geschäftsstrooss zu Puerto Montt.

Restaurant op Stäiler am Hafen Puerto Montt.

An de Fëschmaart zu Puerto Montt.

Vulkan Osorno
Vulkan Osorno
Eng schéi Plaz fir ze schlofen
Eng schéi Plaz fir ze schlofen
Apero time op 1300 Meter..
Apero time op 1300 Meter..
Einfach nëmme schéin..
Einfach nëmme schéin..
Moies um Wee fir nees erof
Moies um Wee fir nees erof

No der wochelaanger Pampa ass d’Géigend elo immens schéin. Mir fueren duerch léif Dierfer/Stied, wou awer nëmmen d’Haptstrooss asphaltéiert ass. Baueren- an Holzbetriber ginn et hei vill. D’Geméis an d’Uebst kann een u klenge Stänn laanscht d’Strooss kafen.

Zu Conaripe ginn et Thermalbieder « Termas Geométricas » Déi leien an engem Canyon mat Wasserfäll a verschidde Waasserbecken tëschent 36-41 Grad. Si ginn duerch d’Vulkaner erhëtzt a plazeweis huet et och no Schwiefel geroch. Super schéi gemaach.

Thermen..

…..

…. an duerno gutt midd

Um Wee op Santiago bleiwe mir zwou Nuechten zu Picun. Hei ass de Vulkan Villarica wou mir mam Fliger eis de Krater méi genau ukucke kënnen.