Anden, Mendoza a Valle de la Luma

Vu Pucon aus geet et op Santiago wou mir nach ënnerwee bei engem Wënzer «Vina Chillan » iwwernuechten. En flotten Owend mat italienescher Kichen.

Um Maart zu Temuco

Um Maart zu Temuco

Salto del Laja

Santiago ass an zwee Deeler gedeelt déi Aarm an déi Räich. Déi Aarm wunnen ënnen an der Stad, déi Räich uewen um Bierg seet eise Guide deen aus Däitschland kënnt a scho 17 Joer hei lieft. Och hien ass entsat wéi d’Stad elo no all deene politesche Probleemer ausgesäit. Mir och ! well am Januar war et nach eng schéi propper Stad.

Vue Cerro San Ghristobal Santiago

De Wee bis op Mendoza ass duerch kleng Dierfer a Pilgerplaze  gaange mat engem Tëschestopp am Parque Nacional Aconcagua.

Frënn huet e wann et net méi geet...

Reveillon feiere mir zu Mendoza mat engem super Iessen Mëttes an enger Kellerei «Rucan Malen». Owes um Camping gëtt nach zesumme Gewichtelt wat ganz lëschteg war. Leider hu mir awer och Abschid missen huele vun eisem Frënd Laurenz (Paschtouer an der Pensioun). Säi Camper hat jo e relativ grousse Schued un der Boîte deen dunn och nach e Motorschued provozéiert huet. No laanger Iwwerleeung huet hien d’Rees elo ofgebrach a geet zréck op Zarate fir do nees de Camper anzeschëffe fir Europa. Schued !!!

Chrëschtdag si mir schonn nees on Tour fir an de Parque Provincial Ischigualasto. Hei gëtt och nees e Gebuertsdag gefeiert. Dem André säin.

Hei si vill Dinoe fonnt ginn
Hei si vill Dinoe fonnt ginn

Esou gesäit de Patt aus fir all déi vill Gebuertsdeeg déi mir schon gefeiert hunn.

Den zweete Feierdag si mir am Parque Nacional Talampaya.

Eng cool équipe
Eng cool équipe

Den 27ten fuere fir d’lescht iwwert d’argentinesch Grenz an de Chile. Et ass ëmmer eng Aventure. Als éischt kriss du e Lafziedel (éischter eng Fatz Pobeier) mat denger Plaque Nummer drop an d’Zuel vun deenen déi am Camper sinn. Da muss de bei 4 Guichete passéiere fir e Stempel ze kréien. E fir de Kontroll vun de Päss, e fir de Kontroll vun de Pobeiere vum Camper, e fir de Kontroll dass de Proprietär vum Camper och dobäi ass. Dee leschte Stempel kriss du bei der Kontroll vun den Iesswueren : Keng Friichten, kee Geméis, kee frësch Fleesch, keng réi Eeër …. Dann däerfs du mat dengem Lafziedel, mat de 4 Stempel, d’Grenz iwwerfueren. No 4-15 Kilometer steet do e klengt Haischen wou en Douanier ass deen dir de Lafziedel freed. Wanns du deen da net hues muss de nees zréck a vu vir ufänken. Dat selwescht geschitt dir wann s de d’Stempelen net all hues.

Owes schlofe mir op 3000 Meter, am Niemandsland, fir Muer dann iwwert de Pass vun 4767 Meter am Chile anzereesen.

Eng spannend Geschicht
Eng spannend Geschicht

Eng spannend Geschicht


Eng spannend Geschicht


Eng spannend Geschicht


Eng spannend Geschicht

D'Streck iwwert de Paso del Aqua de Negra war spannend a mega schéin. Eise Camper huet et gutt gepackt wéi all déi aner och. Ausser zwee Plattféiss war alles ok.

Büsserschnee
Büsserschnee
Geschafft
Geschafft