Page standard

Dat ass net eisen ….
Dat ass net eisen ….

E Stopp an enger Pisco Kellerei wou mir selwer kënnen de Pisco Sour mixen.

Owes gi mir an en Observatoire fir den Orion, Croix du Sud an de Mound duerch en Téléscop ze kucken. Et si Studenten déi dësen Observatoire an hirer Fräizäit bedreiwen an eis mat vill Freed a Begeeschterung wëllen eppes bäibréngen.

Um Fëschmaart zu Coquimbo kafe mir nach Fësch a schlofen Owes op der Plage zu Guanaqueros wou mir eis och direkt versanden. D’Janette zitt eis awer Moies eraus.

Silvester feiere mir op op der Plage zu Bahia Inglesa.

Camping Guanaqueros

Apero virum Silvesteriessen

D'Janette wees sech ëmmer ze hëllefen

Mir wënschen iech alles Guddes fir d'Joer 2020!!!!