Richtung Atacama

Och zu Caldera kënne mir iwwert de Maart goen a frësche Fësch kafen.

E Stopp bei « Santuario Granito Orbicular » Dat ass e spezielle Granit deen schuelefërmeg gereiten Kugelen enthält. Déi sinn esou staark mam Granit verbonnen dass se praktesch net kënnen erausgeléist ginn. Et gi Weltwäit nëmmen eng Dose Plaze wou een se ka gesinn.

No der Entrée vum NP. Pan de Azucar maache mir nach eng Wanderung wou mir verschidde Karktusarte kënne bewonneren.

Granito Orbicular
Granito Orbicular
Granito Orbicular
Granito Orbicular
Mëttespaus op der Plage
Mëttespaus op der Plage
Schéine Kaktus
Schéine Kaktus

Granito Orbicular

Mir fueren elo schonn zwee Deeg laanscht d'Westküst. D'Chilenen si ganz verbonne mat hire Verstuerwen. Iwwerall laanscht Strooss stinn Haisercher wou Biller, Blummen, Undenken, Waasser, jo esou guer Still, Fautelen a Fändele stinn. Si kommen heihin an drénken, iessen a schwätzen iwwert al Zäite mat de Verstuerwen.

Zu Antofagasto geet et da Richtung San Pedro de Atacama. E puer Deeg bleiwe mir do an dovun dräi Deeg an der Wüüst. Mat engem Jeep si mir do ënnerwee a schlofen an engem klengen Dierfer an an engem Salzhotel.

Um Wee
Um Wee
Um Wee
Um Wee
si molen d'Steng laanscht Strooss
si molen d'Steng laanscht Strooss
A wunnen geschützt virum Wand a Sand
A wunnen geschützt virum Wand a Sand
Bal eleng on the road
Bal eleng on the road

E puer där Haiser

Mano Del Desierto
Mano Del Desierto
Mano del Desierto
Mano del Desierto
Wonnerschéi Bucht zu Antofagasta wou mir schlofen.
Wonnerschéi Bucht zu Antofagasta wou mir schlofen.

Viru San Pedro zu Calama hu mir eng schlecht Erfarung gemaach. Mir ware schnell an eng Mall fir anzekafen a wärend der Zäit ass an eise Camper agebrach ginn. De Navi, d’Specktif an de Walki Talki ass geklaut ginn. Gottseidank ass näischt um Camper futti ausser eben Abrochspueren un der Fënster an zwou Ausseklappen. Elo wësse mir dass an enger grousser Stad ëmmer e vun eis zwee muss beim Camper bleiwen.

Trotzdem freeë mir eis op de Wüstentrip.