La Paz - Copacabana

Vale de la Luna

LA PAZ, 1.000.000 Awunner. Chaos total. De Stäerkste gewënnt op der Strooss. Fënnef Gondelsystemer fir vun A ob B ze kommen. Héichhaiser an net fäerdeg Wunnengen. Baracken, Garagebutteker, Bulli a schlecht Stroossen.

Den éischten Dag hate mir mam Walter e super Guide dee mat eis d'Stad zu Fous gemaach huet. Héichtenënnerscheeder vun 3100-4200 Meter. Eng Erausfuerderung fir eis. De Walter wunnt hei zënter 20 Joer. En hat 15 Joer en Hotel wou mir och elo kënne mat de Camper um Parking stoen.

Vfue op La Paz
Vfue op La Paz
Eng stolz Cholita.
Eng stolz Cholita.

Vfue op La Paz

Ëmmer Chaos mat de Kabelen
Ëmmer Chaos mat de Kabelen
D'Auer dréit den anere Wee...
D'Auer dréit den anere Wee...
Eng Geschäftsstrooss
Eng Geschäftsstrooss
Um Hexemaart
Um Hexemaart
E Wonschteller, dee gëtt verbrand. Mat engem Lamaembrio
E Wonschteller, dee gëtt verbrand. Mat engem Lamaembrio
Déck Frënn
Déck Frënn
Coole Bus
Coole Bus

Den zweeten Dag hunn ech

d'Doudesstrooss mam

Mountenbike gemaach. 4 Stonnen. Fotoe kommen no!

Vu La Paz fuere mir nees an den Héichte vun 3500-4500 Meter fir schlussendlech mam Ferry iwwert den Titicacaséi ze fueren. Dat war spektakulär fir jiddereen. Ech menge mir hunn all gefaart de Camper géif net ukommen déi aner Säit.

Et huet awer tip top geklappt a mir si gutt gelaunt zu Copacabana direkt beim Titicacaséi op eiser Stellplaz ukomm.

D'Autoe gi mat Blume gerëcht….
D'Autoe gi mat Blume gerëcht….
an da geseent.
an da geseent.
D'Kathedral vu Copacabana
D'Kathedral vu Copacabana
Um Maart zu Copacabana. Mir hunn awer kee Fleesch kaf.
Um Maart zu Copacabana. Mir hunn awer kee Fleesch kaf.
Den Titicacaséi
Den Titicacaséi

An hei eis super Stellplaz direkt um Titicacaséi.