Peru, Titicacaséi, Cusco

De Grenziwwergang fir an de Peru huet 4 Stonne gedauert. Dat ass eben esou. Ziedelen ausfëllen an d’Aféierung vum Camper dauert immens laang. Duerno si mir awer vun enger schéiner Landschaft verwinnt ginn « Ackerbau und Viehzucht ». Hei hu mir emol Leit gesinn op de Felder schaffen. Eise Wee ass 140 Km laascht den Titicacaséi mat flotte Pic-Nic Plazen. Am Nomëtteg hu mir nach e klenge Stopp zu Chucuito gemaach. En Duerf vun 1100 Awunner. Mir sinn och elo 6 Stonne méi fréi wéi bei iech.

Direkt no der Grenz

Chucuito

De Käfer ass ëmmo dobäI

Taxi zu Puno

De Moien ass et schonn um 8 :00 lass gaang a mir hunn en Duerf vun den Uro’e besicht déi op Schilfinsele wunnen um Tititcacaséi. Den Titicacaséi ass iwwregens weltwäit den héchste Séi op 3.800 Meter. D’Bewunner vun haut déi op dëse Schilfinsele liewe si Nokomme vun den Aymara an den Quechua. Mëttes ware mir nach op e Bauerenhaff an am Nomëtteg d’Griewer vun den Colla kucken zu Sullustani.

Dräi Generatiounen Uro'en
Dräi Generatiounen Uro'en
Esou ginn d'Schilfinsele gebaut
Esou ginn d'Schilfinsele gebaut
Dee klengste Bewunner
Dee klengste Bewunner
Vue vun uewen
Vue vun uewen

D'Entrée vum Bauerenhaff.

D'Kichen ass baussen.

An d'Mierschwéngercher kommen op de Grill.

D'Griewer vun de Colla.

An zwee déi ganz zefridde sinn.

PACHA MAMA soen d’Leit fir d’Äerd, de Buedem, wou si drop liewen. Z.B. gesäit een ëmmer wann d’Männer eng Fläsch Béier drénken, dass si als éischt e bëssche Béier op de Buedem schëdde fir d’Pacha Mama.
Wat eis awer stéiert ass den Dreck an de Stied an den Dierfer. D’Leit maache schonn hiren Dreck a plastiks Tuten mee déi geheie si einfach an d’Natur. Op d’Strooss oder an d’Wiss, egal wou. Et hëlt och keen déi Tuten ewech. D’Hënn déi zu honnerten hei lafen, op dat Peru, Bolivien, Chile oder Argentinien ass, rappen d’Tuten op fir Iessen ze fannen. An de Wand mëscht de Recht. Einfach schrecklech gesäit et op ville Plazen aus.

Um Wee op ….

Cusco

Cusco huet eng flott Plaza de Armas wou mir e flotten Owend verbrèngen. Muer besiche mir d'Heiliges Tal an iwwermuer fuere mir zwee Deeg op Machu Picchu. Hoffentlech ass d'Wieder gutt well mir si voll an der Reenzäit. 

Kleng Opreegung: Eise Camper leeft zënter Gëschger am "Notlauf" well de Partikelfilter deelweis verstoppt ass. Mir versichen elo de Filter auszebrennen mee dat ass net esou einfach well mir nach e puer Deeg iwwert 3400 Meter sinn. Halt emol d'Daumen dass mir et bis bei d'Mier packen.  

Hei nach e puer Fotoe
Hei nach e puer Fotoe
vun "Carretera de la muerte" al Strooss aus La Paz.
vun "Carretera de la muerte" al Strooss aus La Paz.
Moies eng kleng Drëpp..
Moies eng kleng Drëpp..
Och emol e Waasserfall
Och emol e Waasserfall
All gutt ukomm no 4 Stonnen Gravelroad.
All gutt ukomm no 4 Stonnen Gravelroad.