Nasca, Mumiegriewer an Oasen ....

Vu Cusco iwwert Quebrada Linda (hei iwwernuechte mir bei engem Restaurant op 2000 Meter) bis op Nasca an zwee Deeg. Eng wonnerschéi Route mat 5 Päss bis op 4500 Meter. Duerch kleng Dierfer an ëmmer nees erof bis 1500-2000 Meter. Enorm ustrengend well mir ëmmer Serpentine fueren erop esou wéi erof. De Partikelfilter vun eisem Camper konnte mir awer schonn den éischten Dag op 1800 Meter ausbrennen, esou dass de Camper elo nees seng voll Leeschtung bréngt. Zu Nasca, wierklech keng schéi Stad, besiche mir de Kierfecht Chauchilla aus der Moche-Kultur deen an der Wüüst vu Nasca läit. 12 Griewer sinn hei scho fonnt ginn an d’Mumie sinn extrem gutt erhale well et hei esou dréchen ass. Déi Bevëlkerung huet ongeféier gelieft vun 200 viru Christi bis 700 no Christi (also ronn 1000 Joer). Déi Doudeg sinn am Schneidersëtz begruewe gi mat Kaddoen a Proviant fir d’Zäit nom Dout. Leider sinn och scho vill Griewer ausgeraibert ginn.

Um Wee op Quebrada Linda
Um Wee op Quebrada Linda

Um Wee op Quebrada Linda

Um Wee op Nasca
Um Wee op Nasca

Um Wee op Quebrada Linda


Um Wee op Quebrada Linda

D'Griewer...
D'Griewer...
fir mech ganz ...
fir mech ganz ...
beweegend ...
beweegend ...

D'Griewer...

Pisco

Et beréiert eis ëmmer nees wa mir duerch d’Stied an d’Dierfer fuere wéi d’Leit hei liewen. Vill Leit hu wierklech e schwéiert Alldag. An d’Kanner hunn och net déi Méiglechkeet an d’Schoul ze goe wéi mir.

Mir verbréngen zwou Nuechten zu El Carmen a besiche vun do Paracas an d’Insele Ballestas. D’Inselen, zënter 1975 en Naturschutzgebitt, si bekannt fir hir Villfalt vu Séivullen (zirka 150 Aarten dorënner Tölpel, Kormoranen, Pelikanen) an eng grouss Kolonie vu Séihënn. De Kacka vun de Vullen (Guano) gëtt all 4 bis 6 Joer agesammelt an als Dünger verschafft.

E Freideg, den 31. Januar, komme mir zu Lima un. Et ass Niwwel awer waarm. Hei feiere mir Biergfest, d.h. mir sinn an der Hallschent vun eiser Rees duerch Südamerika. Dräi Méint si mir elo ënnerwee......et ass net ze gleewen wéi schnell d'Deeg verginn.