Ecuador

Fir an den Ecuador anzereese war net esou einfach fir verschidde Leit. Mir hate Chance, waren um 12:00 op der Peru Grenz a si géint 13:00 iwwert d'Grenz vum Ecuador gefuer a waren um 13:30 op eiser Stellplaz. Fënnef Camper ware mat eis déi selwecht Zäit ukomm. All déi aner stounge 4-5 Stonnen op der Grenz. De Problem war dass bei engem vun eisem Grupp en Tippfeeler geschitt ass wéi de Numm an de Computer bei der Ausrees vu Peru agedroe ginn ass. All Computer sinn automatesch bloquéiert gi well déi Persoun (wat natierlech kee vun eis war) vun Interpol gesicht ginn ass. Et ass kee méi iwwert d'Grenz komm. Et huet Stonne gedauert bis den Tippfeeler nees annuléiert war an d'Leit konnten ausreese fir dann op der Grenz vun Ecuador nach eng Stonn ze stoe bis do alles gereegelt war. Enplus hat och nach ee vun eis en Accident mat engem Motorrad wat och nach fir Stress gesuergt huet. Schlussendlech ware mir Owes spéit nees all zesummen ausser de Walti well deen huet missen zréck an de Peru (dräi Stonne fueren) fir dass déi de Feeler am Computer konnte verbesseren. Dat huet och Stonne gedauert. Géint 5:00 Auer Moies war dann och de Walti nees bei eis. An op der Douane war natierlech keen an d'Schold.....hei ass dat esou!!

Duerfir hate mir awer elo zwee schéin éischt Fuerdeeg am Ecuador. Vu Macara op Loja a vu Loja op Cuenca. Duerch d’Bierger. Wonnerschéi gréng a léif kleng Dierfer.

Reisfelder
Reisfelder
E Baobab
E Baobab
En Iesel ass och ëmmer dobäi
En Iesel ass och ëmmer dobäi

Reisfelder

Macara, Cathedral

Macara

Macara

Moies nach Niwwel
Moies nach Niwwel
E Koumart an de Bierger
E Koumart an de Bierger

Moies nach Niwwel

Hei sinn d'Leit nach mat de Päerd ënnerwee
Hei sinn d'Leit nach mat de Päerd ënnerwee
E Schwein um Grill...
E Schwein um Grill...
Flotten Dag zu Cuenca ...
Flotten Dag zu Cuenca ...
um Geméismart ….
um Geméismart ….
typesch ugedoen ...
typesch ugedoen ...
am Panamahut Musée ..
am Panamahut Musée ..
mam Resultat! en Hut fir d'Mich
mam Resultat! en Hut fir d'Mich

D'Janette hat Stress am Bus fir 25 Leit ze pointéieren!

An d'Mädels hunn eng Sonneblum kritt.

Duerch d'Anden ze fueren hei am Ecuador mëscht wierklech Spaass. Bierg op a Bierg of, duerch gréng Wisen, Bauerendierfer mat oppenen Restaurant'en op der Strooss. Risen Dëppe mat Mais a Schwäin oder Mierschwéngchen um Grill.

Ingapirca op 3200 Meter aus der Inkazäit.
Ingapirca op 3200 Meter aus der Inkazäit.
Moies war de Niwwel nach déif.
Moies war de Niwwel nach déif.
Colta Kierch aus dem Joer 1534
Colta Kierch aus dem Joer 1534
Ganz beléift Mierschwéngchen um Grill
Ganz beléift Mierschwéngchen um Grill
Vulkan Chimborazo, 6310Meter héich
Vulkan Chimborazo, 6310Meter héich
Banos eng flott Stad
Banos eng flott Stad
wou mir en Tour gemaach hu mat engem Partybus
wou mir en Tour gemaach hu mat engem Partybus
bei d'Wasserfäll
bei d'Wasserfäll

Banos eng flott Stad

an de Jang an ech maache "Canopy"
an de Jang an ech maache "Canopy"