D'Jungel, Quito bis Ibarra

Eigendlech sollte mir de 16te Februar a Kolumbien areese mee e Streik huet eis e Strësch duerch d’Rechnung gemaach. Kuerzerhand huet d’Janette proposéiert an eng Lodge an den Amazonas « Casa del Suizo » ze goe fir dräi Deeg. Dat war eng gutt Idee, mee kuckt selwer.

Mam Boot dohinn
Mam Boot dohinn
Net schlecht...
Net schlecht...
Rio Napo
Rio Napo
Hei gi se nach mam Blosrouer op d'Juegt.
Hei gi se nach mam Blosrouer op d'Juegt.
A maache Keramik
A maache Keramik
Eng Wanderung am d'Jungel mat Gummistiwwelen
Eng Wanderung am d'Jungel mat Gummistiwwelen
An heiansdo speziel fir weider ze kommen.
An heiansdo speziel fir weider ze kommen.

Eng Wanderung am d'Jungel mat Gummistiwwelen

Och nach e Stéck mam Flooss
Och nach e Stéck mam Flooss
Nach op eng Kakaofarm.
Nach op eng Kakaofarm.
Dee Klenge war ganz paff.
Dee Klenge war ganz paff.
Mat engem Bengel geet et besser.
Mat engem Bengel geet et besser.
Lëschteg beim Pool no der Ustrengung.
Lëschteg beim Pool no der Ustrengung.

Vun do geet et op Quito gefuer, d’Haptstad vun Equador an ëmgi vun de Vulkanen : Cotopaxi, Cayambe an Antisana. Och besiche mir d’Äquatordenkmal « Mitad del Mundi » Et hunn zwar Miessungen erginn dass een sech verrechend huet an dat net déi richteg Plaz ass mee et war awer flott gemaach. Och hei bleiwe mir zwee Deeg well d’Onrouen a Kolumbien eskaléiert hunn. Si hunn Autoen an esouguer Kamionen a brand gestach an och soss zimlech vill futti gemaach. Also warde mir nach a fuere vu Quito a Richtung Cayambe wou mir eng Rousefarm besichen « Rosadex mat enger Hacienda aus dem Joer 1919 » an dat richtegt  Äquadordenkmal besichen. Owes schlofe mir zu 4 Camper bei der Laguna Cuicocha op 3068 Meter. Déi aner si schonn op Ibarra gefuer. Dat ass flott bei eiser Rees, dass een och ka spontan eppes aneres ënnerhuelen.

Wonnerschéin...
Wonnerschéin...

Wonnerschéin...


Wonnerschéin...

Hei ginn d'Rousen triéiert.
Hei ginn d'Rousen triéiert.
A verpack
A verpack

Laguna Cuicocha

Sonnenopgang...

Schein...

Ëmmer schéi Molereien.
Ëmmer schéi Molereien.
Flott Trachten zu Ibarra.
Flott Trachten zu Ibarra.
Kleng Kichen...
Kleng Kichen...
awer gutt giess
awer gutt giess