Kolumbien

Weider fuere mir an de Norden a kënnen den 19ten Februar entlech a Kolumbien areesen. Vu Pasto iwwert Popayan op Alcala, wou mir eng Kaffeplantag besichen an eis d’Wuesspalmen ukucken. Si kënnen tëschend 40 bis 60 Meter héich ginn. Leider wäert een se net méi lang kënne bewonneren well duerch d’Ofholzen hunn si net méi déi richteg Vegetatioun ronderëm an de Buedem kritt net méi déi richteg Närstoffer. Hier Wuerzele sinn net déif an si falen einfach ëm. Schued !!

Et gi laang Deeg mat vill Bierg erop an erof mee immens schéin.

Och am Stau gëtt et eppes ze kafen..
Och am Stau gëtt et eppes ze kafen..
Zockerrouer Plantage
Zockerrouer Plantage
Richteg geféierlech déi den Zockerrouer transportéieren
Richteg geféierlech déi den Zockerrouer transportéieren
Kaffi dee nach muss gepléckt ginn.
Kaffi dee nach muss gepléckt ginn.
Esou ginn d'Fraen an d'Männer an d'Lies.
Esou ginn d'Fraen an d'Männer an d'Lies.
Et gëtt nach mam Iesel geschafft.
Et gëtt nach mam Iesel geschafft.

Bei de Wuezpalmen

Ënnerwee ëmmer flott Momenter

Viru Cartagena muss de Camper gewäsch gi fir op d'Schëff.

Den Transfert vum Camper op Panama gëtt ëmmer méi kaotesch well den Datum wou d’Schëff soll fueren ëmmer verréckelt gëtt. Elo soll et den 3te Mäerz sinn. Eis Fliegere sinn och gebucht fir den 3te Mäerz an d’Drogekontroll vun de Camper ass fir den 1te Mäerz viergesinn. Si si ganz genau. Mir wäerten da 6 Deeg am Hotel zu Cartagena verbréngen an nach 3 Deeg zu Panama wou de Camper ukënnt. Hoffentlech klappt alles.

Cartagena
Cartagena

Cartagena

Ceviche (marinéierte Fësch) ass eppes guddes
Ceviche (marinéierte Fësch) ass eppes guddes

Cartagena


Cartagena

Am Hafen wou mir de Camper ofginn.

Ech verloosse Kolumbien mat schwéierem Häerzen. Hei vu Cartagena aus hunn ech, mat menge Gesëschter, meng léif Mamm wärend de leschte Stonne vun hirem Liewe begleet. Dat war esou net geduecht mee d'Liewe schreift eben seng eege Geschichten.