Panama

Déi Deeg wou eis Camper brauche fir am Hafen zu Manzanillo (Panama) unzekomme profitéiere mir Panama City an de Panama Kanal ze besichen. Iwwert 100 Joer besteet de Panama Kanal duerchdee Panama sech zu engem wichtegen Transportzentrum entwéckelt huet.

D’Fransousen hu mam Bau vum Kanal 1880 ugefaang. Leider sinn hinnen d’Suen ausgaang an 1903, wéi Panama onofhängeg ginn ass, hu si mat den Amerikaner e Vertrag gemaach fir de Kanal fäerdeg ze bauen. 1914 ass en dunn ageweit ginn. De Kanal gëtt vun den Amerikaner verwalt bis 1999 wou déi ganz Verwaltung vum Panama Kanal nees zréck u Panama geet.

D'Schleiss vum Panamakanal..

Miraflores

D’Ausschëffe vun de Camper geet ouni Problemer ausser dass ech iwwer de Kontaktschlëssel gefuer si well d’Hafepersonal deen op dat viischt Rad geluecht haten. Ech hunn dat net gesinn. Mee Gléck am Ongléck !!! E funktionéiert nach.

Och verléisst eis d’Angelika wat sech nach zu Cartagena d’Knéischéif gebrach huet a missen operéiert ginn. Hat fiert eleng esou dass hat seng Rees huet missen ofbriechen. Säi Camper gëtt op Bremerhafen verschëfft an d’Angelika flitt op Hamburg. Immens schued well et war esou eng léif a lëschteg Persoun.

Camping zu Santa Clara
Camping zu Santa Clara

Camping zu Santa Clara


Camping zu Santa Clara


Camping zu Santa Clara


Camping zu Santa Clara

Um Camping zu Santa Clara kréie mir Besuch vun enger Kannergrupp aus enger Schoul déi Optrëtter maache fir hir Schoul ze ënnerstëtzen. Hei verschenken ech och nees d’Spillsaachen déi ech vun de Mädels zu Lëtzebuerg matkritt hunn. D’Kanner sinn happy. Panama ass scho richteg amerikanesch wat een och un de Stroosse mierkt. Richtaus !!

Plage zu Santa Clara

Flotte Grillowend zu Las Lajas

Sonnenënnergang zu Las Lajas. Muer (10.3.) geet et weider Richtung Costa Rica.

Schéine Mound zu Las Lajas

D’Areesen a Costa Rica huet just zwou Stonne gedauert. D’Pobeiere fir déi zäitlech beschränkten Arees fir de Camper dauert ëmmer immens laang well d’Personal alles an de Computer muss aginn a vun allem Kopie maachen.

Direkt um Uschloss gi mir nach op eng Rumbrauerei.

Déi éischt Andréck vu Costa Rica sinn immens schéin. Iwwerall Palmen a Bannanebeem, einfach immens gréng. Mëttes maache mir eng Bootstour duerch d’Mangroven wou mir och vläicht d’Gléck hunn den Doudekappäffchen, Krokodiller an de berüümte Jesus Christ Lizard (deen ass esou schnell dass en iwwert d’Waasser lafe kann) ze gesinn.

Do konnte mir och schlofen no der Rumdegustatioun ...

Laangnuesefliedermaus
Laangnuesefliedermaus
E Wäissreier an e Leguan
E Wäissreier an e Leguan

Laangnuesefliedermaus


Laangnuesefliedermaus


Laangnuesefliedermaus

Papageien déi d'Janette geknipst huet
Papageien déi d'Janette geknipst huet

Papageien déi d'Janette geknipst huet

Et ginn e puer Zorten Affen
Et ginn e puer Zorten Affen
Doudekappäffchen
Doudekappäffchen

Donneschdeg den 12te März ..

verbrénge mir op der ...

Playa Pinuela