Corona Virus a Costa Rica

Bei eis ass de Corona Virus och elo ukomm mee net mat esou Ausmoosse wéi an Europa. Guatemala huet d’Grenz zougemaach fir all Europäer. Och déi scho méi laang a Südamerika oder Mëttelamerika sinn. Wuel dass mir a Costa Rica si wäerte mir do bleiwen a net weider a Nicaragua oder Honduras reesen. Costa Rica ass e schéint a séchert Land mat immens vill Natur a vill Stränn. D’Medezinesch Infrastruktur ass ganz gutt. National Parks sinn elo leider och zou gemaach ginn esou wéi all gréisser Touristenattraktioun. Mir hunn e Camping zu Nuevo Arenal wou mir an zwee Deeg ukommen an e puer Deeg bleiwe kënne bis mir decidéiert hu wat mir maachen.

Gëschter ware mir op de Vulkan Azul a Cartago besichen. Mir hunn Dollaren opgehuewen an nach Iesse kaf. D’Waasser dierft hei kee Problem sinn. Mir mussen einfach elo ofwaarden.

Um Wee bei op de Vulkan
Um Wee bei op de Vulkan

Um Wee bei op de Vulkan

Vulkan Irazu
Vulkan Irazu
D'Cathedral zu Cartago
D'Cathedral zu Cartago
Et huet nawel gedauert beim Bancomat
Et huet nawel gedauert beim Bancomat

Esou eng Kaffeemaschinn steet op all Dësch am Restaurant vum Camping…..witzeg!

Méindeg, de 16ten Mäerz, Costa Rica huet ab 12:00 de Mëtteg den Ausnamezoustand deklaréiert. D’Muséeën, National Parks etc. sinn zou. Hoteller, Restauranten, Caféen an aner kleng touristesch Betriber däerfen nëmme méi kleng Gruppen unhuelen.

Mir besichen elo nach just verschidde Sehenswierdegkeete ronderëm den Arenal Séi wéi d’Hängebrécken, de Vulkan a maachen eng oder déi aner Wanderung. Alles am Freien.

En plus wëlle mir nach op d’Hallefinsel Santa Rosa a vläicht e puer Stränn fir schlussendlech eis op Cachi zréck ze zéien. Dat ass eng Plaz am gréngen déi ganz schéi bei engem Séi an engem Restaurant leit, wäit ewech vun enger grousser Stad « La Casona de Cafetal ». Mir ware schonn do an si huelen eis och op wann de Restaurant misst zou maachen. Wat warscheinlech de Fall wäert sinn. Do kënne mir dann emol bleiwe bis hei d’Situatioun sech entschäerft huet. D’Janette hëlt Kontakt op mat engem Dokter do aus der Gemeng fir am Fall wou ee vun eis Symptomer hätt. Eng Koppel wëll nees zéck an Europa (Däitschland) an eng aner Koppel sëtzt de Camper hei ënner a flitt bei d’Famill a Mexico fir dann herno nees mat eis weider ze reesen. Mir an all déi aner plus d’Janette bleiwen hei zesummen zu Cachi a Costa Rica.

Mir denken un iech all zu Lëtzebuerg an hoffen dass et iech gutt geet an dass mir dës ongewëssen Zäit all gesond iwwerstinn.

Wanderung ….
Wanderung ….
duerch ...
duerch ...
den ...
den ...
Reebësch Arenal
Reebësch Arenal
Hei sti mir de Moment
Hei sti mir de Moment