An der Quarantän

All eis Entscheedungen vun de leschten Deeg sinn nees net méi ze maachen. Costa Rica mëscht no a no alles zou. Et soll ee net méi Reesen. En plus hunn se elo zu Cachi, wou mir eis wollten zréck zéien, den éischte Fall vum Coronavirus. De Restaurant do ass zou an all aner Infrastrukture wéi Elektresch, Toiletten an Dusche sinn op de Minimum reduzéiert, esou dass mir nach vill do missten opriichten. D’Versuergung ass och net méi gi well de Restaurant net méi beliwwert gëtt an dann ëmmer e puer Leit vun eis missten Akafe goe wat natierlech nees e Risiko wär.

Wou mir elo stinn, op engem Bauerenhaff mat schwäizer Restaurant/Hotel no beim Arenalséi, kënne mir bleiwen. De Restaurant ass nach op och wann nëmme méi d’Halschecht vun der Kapazitéit däerf ugeholl a bekäschtegt ginn. Mir sinn zu ongeféier 30 Leit. Dat klappt.

Et ass e risege Beréng deen immens schéi läit mat Vue op de Séi an d’Bierger ronderëm. D’Patron kacht ee Menu am Dag wou mir wa mir Loscht hunn Owes kënnen iessen. Och kuckt si dass mir eng Wäschmaschinn kréien. Mir hunn zwou Duschen an esouguer eng Piscine. De Liwwerant vum Restaurant bréngt eis alles wat mir brauchen an de Bäcker kënnt 1x an der Woch. Hei si mir gutt versuergt.

Mir ënner eis halen de Moment méi Ofstand wéi soss a passe gutt op eis net unzestiechen. Jiddereen hällt sech un d’Virschrëften ouni Panik ze maachen. De Risiko ass hei méi kleng wéi bei iech well mir vill an der Natur sinn a waren. Wa Friemer kommen hale mir eis ewech. Ab e Méindeg kann et sinn dass ausser eis guer keng aner Touristen däerfen hei sinn.

De Moment si mir all beschäftegt eis anzeriichten op eng länger Zäit. Op mir eis Rees jee emol wäerte fäerdeg fuere steet an de Stären mee eis geet et gutt a mir hoffen dass dat esou bleift.

De Jang an ech mir denke vill un iech all doheem an hoffen vun Häerzen dass dir all gutt duerch déi schlëmm Zäit kommt.

Hei nach e puer Fotoe vum Schwäizer Hotel an onser Stellplaz wou mir zesumme mat eise gudde schwäizer Frënn (Julia a Feusi) stinn.

Eis léif Frënn Julia a Feusi

Sonndeg den 22.03.2020 éischte Briefing an der Quarantän.

Elo si mir schonn zimmlech gutt ageriicht. D’Wäschmaschinn ass ukomm a gëtt Muer installéiert. E Plang leet da fest wien se wéini benotze kann.

D’Proprietärin, d’Mme. Silena, ass einfach esou léif a mëscht alles fir eis esou dass mir hinne wëllen hei um Haff hëllefen. Hire Jong, de Stefan, soll de Betrib iwwerhuelen an huet eis elo eng Lëscht gemaach wéineg Aarbechten ze maache sinn, déi leie bliwwen si wéi säi Papp gestuerwen ass viru 5 Joer. Do war de Stefan nach op der Universitéit an der Schwäiz. Et leit ganz vill Material scho prett mee et muss och nach vill kaf ginn.

Mini Market, Geméisgaart, Holzstee beim Séi, Eisebunnswaggon ze restauréieren, Naturléierpad uleeën, Weeër botze ronderëm den Hotel an d’Piscine, d’Strooss bei den Dréirestaurant festegen, en Zuchmusée installéieren, Wanderwee vu 5 km botzen.

Prioritär sinn de Mini Market, de Geméisgaart. De Walti huet sech dem Boot ugeholl wat de Stefan ëmmer hëlt fir Fëschen ze goen. A mir hunn eis nach e puer Aangele kaf. Den Arenal Séi ass direkt vis-à-vis vun der Strooss.

Op YouTube ënnert Hotel Los Heroes Costa Rica kënn dir emol kucke wéi et hei ausgesäit.

Eis beschäftegt dat an de Leit hei ass wierklech vill gehollef.

Déi sinn esou witzeg mat hire langen Oueren.
Déi sinn esou witzeg mat hire langen Oueren.
Setzlinge fir de Gard
Setzlinge fir de Gard

Déi sinn esou witzeg mat hire langen Oueren.

Et geet och alt eppes futti
Et geet och alt eppes futti

Déi sinn esou witzeg mat hire langen Oueren.

Den 23ten huet Erwina eis och verlooss fir bei seng Elteren an s’Schwäiz ze fléien déi praktesch eleng sinn. An dräi Deeg drop den Alphonse an Vreni. Si haten en Accident virun zwou/dräi Wochen. Et war hinnen e Camion an d’Säit vum Camper gerannt. De Camper ass deelweis gefléckt an awer ass en net wéi virdrun. Si hu sech dunn decidéiert de Camper an den Zoll ze stellen an heem an d’Schwäiz ze fléien. Bis elo hunn eis fënnef Camper verlooss déi awer wëllen erëm komme wann et méiglech ass.

Gym oder Pilates steet 3 x d'Woch um Program

Test mam Boot ….

Walking bei de Vulkan mat Stretching