Installéiert an der Quarantän

Wann de Metzler kënnt ...

bleiwe mir schéin op Ofstand.

Beim Geméismann och

Eng Wanderung bei de Vulkan
Eng Wanderung bei de Vulkan
De Vulkan Arenal bal fräi
De Vulkan Arenal bal fräi

Eng Wanderung bei de Vulkan

Invitatioun vum Silena
Invitatioun vum Silena
op e Sonndeg Grill
op e Sonndeg Grill

De 27ten huet eis Reesgesellschaft eis Rees ënnerbrach. Si kënnen d’Verantwortung net méi iwwerhuelen. Wat och all aner Gesellschaft mëscht. Och ass eise Guide d’Janette suspendéiert ginn an ass elo privat hei wéi mir och. Déi déi elo nach hei sinn hunn decidéiert op eege Verantwortung hei ze bleiwen. D’Janette bleift och a wäert eis weiderhin ënnerstëtzen.

D’Idee ass wann d’Grenzen nees op ginn weider a Mexico ze fueren an do anzeschëffen fir Europa. USA wäerte mir net méi maachen. Kee vun eis wëll dat esou wéi et do de Moment ass. Mee et weess kee wéi et weider geet.

Bleift all GESOND!!

De Wee ass bal fäerdeg.
De Wee ass bal fäerdeg.
Geméit muss och ginn.
Geméit muss och ginn.
Dat gëtt de Mini Market.
Dat gëtt de Mini Market.
Am Gard gëtt d'Mëcht ënnergehuewen.
Am Gard gëtt d'Mëcht ënnergehuewen.
Mir si ganz stolz op eis Sätzlingen.
Mir si ganz stolz op eis Sätzlingen.

Och den Camion deen d'Mëllech siche kënnt gëtt desinfizéiert.

Dem Walti säi Gebuertsdag.

Kärchere mecht de Walti gär.

Hei ass oft vill Wand!

Beim leschte Briefing, den 01ten Abrëll, si mir gewuer ginn, dass Costa Rico elo am dem 4ten Abrëll all Hotel/Restauranten zou mëscht. Och däerf elo schonn ab 17:00 Auer keen Auto méi op der Strooss sinn. Déi gerued Nummereschëlder däerfe Méindes, Mëttwochs a Freides fueren an déi ongerued däerfen Dënschdes, Donneschdes a Samschdes fueren. Sonndes däerf kee méi fueren. Och hei ginn se elo méi Streng en Vue vun Ouschteren. D'Silena kuckt op mir nach kënnen am Restaurant iessen. Hei si jo och nach Aarbechter déi beim Mini Market hëllefen. 

Och d'Aarbechter wëlle schéi si fir Ouschteren.

Den Ananas ka net méi gepléckt ginn also hu mir dee geschengt kritt

Bei dëser Wanderung hu mir

eng Ameisestrooss entdeckt. Mega déi Déieren.

Ëmmer wann de Backer kënnt ...

Leschte Samschdeg war de Stéchdatum an eiser Quarantän. Mir sinn elo bal dräi Wochen zesummen ouni Kontakt no baussen. Kee vun eis ass krank oder huet soss Symptomer vum Corona Virus. Mir hunn dat mat e bëssche Musek an engem Pättche geféiert.

De Gard ass fäerdeg präparéiert a waart drop dass e ka beplanzt ginn.

En Donneschdeg ginn Eeër gefierft. D’Silena (Proprietärin) baakt Wäffelcher. Zwou Familljen, eng Franséisch an eng Spuenesch mat Kanner, déi och mat eis hei gestrand sinn kommen och.

Fir Ouschteren huet d’Julia, meng Schwäizer Frëndin, eng kleng Feier an eiser schéiner Kapell organiséiert.

Den Ananas fir d'next Joer ass scho geplanzt.
Den Ananas fir d'next Joer ass scho geplanzt.
Eis schéi Kapell.
Eis schéi Kapell.
Vu bannen.
Vu bannen.

Trotz aller Ongewëssheet an Ängschte wënsche mir iech ganz schéin Ouschteren.