Stëllstand .........

D’Ouschterfeier déi mir organiséiert hate war immens schéin an emotionnell fir eis. Eis « Frères » wéi mir se nennen, zwee Bridder déi zesummen dës Rees maachen, hate Musek erofgeluede bei engem Karaoke Site a mir konnten all mat sangen. Wuel dass mir jo multikulti si waren et Lidder op franséisch, däitsch a spuenesch. De Ruedi, eisen Zockerbäcker aus dem Grupp, huet mam Feusi Trëtze geback. 

Duerno huet d’Selina eis op Kaffie mat Kuch, Ham a Kéiss agelueden. E gelongent Zesummesinn.

Lengs ass de Franz begruewen a riets wär dann emol dem Selina seng Plaz.

Ganz festlech fir Ouschteren.

Trëtzen an Ouschterhuesen.

De Roude Léif ass ëmmer dobäi.

Säid de 17ten Abrëll liewe mir scho féier Wochen hei zesummen. An dat hu mir natierlech geféiert leschte Freideg mat Musek an Danz.

Dës Woch hunn ech mech op den Tour gemaach duerch eise Camp an e puer Fotoe gemaach.

D^Setzlinge wuessen.
D^Setzlinge wuessen.
De Minimarket wäerte mir net méi fäerdeg gesinn.
De Minimarket wäerte mir net méi fäerdeg gesinn.
Géijeniwwer ass en ale Kierfescht.
Géijeniwwer ass en ale Kierfescht.

D'lescht Woch hu mir Nowues kritt.

An direkt zwee.

E schéine Matbewunner.

De Backer ass elo besser organiséiert.
De Backer ass elo besser organiséiert.
D'Julia an de Feusi mat enger Klonenummer.
D'Julia an de Feusi mat enger Klonenummer.
Böötlifueren a Fëschen ass och nach ëmmer ugesot.
Böötlifueren a Fëschen ass och nach ëmmer ugesot.
Si waren net schlecht.
Si waren net schlecht.
Den hei hu mir schwamme gelooss.
Den hei hu mir schwamme gelooss.