Endlech nees on Tour ....

Als éischt bei eise Bäcker Tom säi Geschäft kucken.
Als éischt bei eise Bäcker Tom säi Geschäft kucken.
Duerno e Stopp an enger klenger Brauerei
Duerno e Stopp an enger klenger Brauerei
Déi gefaale mir ëmmer gutt
Déi gefaale mir ëmmer gutt
Léif kleng Häiser ...
Léif kleng Häiser ...
an dat richtegt Liewen
an dat richtegt Liewen

Mam Walda a Walti si mir ënnerwee ....

De Vulkan Rincon ass de Moment gutt aktiv
De Vulkan Rincon ass de Moment gutt aktiv
Um Wee bei déi éischt Grupp hate mir Pesch
Um Wee bei déi éischt Grupp hate mir Pesch
Afe ginn et hei um Camping Cañas Castilla
Afe ginn et hei um Camping Cañas Castilla
A Wanderweeër ...
A Wanderweeër ...

Déi éischt Grupp huet wéi mir dräi Méint op engem Camping (gefouert vu Schwäizer) verbruecht. Och an deem Grupp sinn der e puer Heem a kommen am Januar zréck. Verschiddener wëllen awer wéi mir de Camper aschëffe fir Europa. No dräi Méint sinn d'Camper zimmlech dreckeg an dësem tropesche Klima. De Krokodil sonnt sech och alt gär. An zu La Cruz hu mir déi hënnescht Peue kontrolléiere gelooss. Dëse Garage hat awer keng Pneuen déi op eise Camper passen. Mir wollten zwee Neier.

Fir laanscht Pazifik Küst ze fueren hu mir zesumme mam Walti a Walda d'Ruta 160 geholl déi op der Kaart giel gezeechent ass. Bis op Playa Hermosa war alles tip top ....... duerno nëmme gravel road vill Waasser. Net nëmme Mier a Stand .... mee kuckt selwer. Et war extrem spannend!!!

Playa Hermosa.
Playa Hermosa.
Déi franséisch Famill hu mir aus Zoufall do erëm gesinn
Déi franséisch Famill hu mir aus Zoufall do erëm gesinn

Playa Hermosa.


Playa Hermosa.

Awer méi héisch Welle wéi geduecht.
Awer méi héisch Welle wéi geduecht.
Richteg Costa Rica.
Richteg Costa Rica.

Richteg Costa Rica.

Op der Playa Ostinal hu mir geschlof.
Op der Playa Ostinal hu mir geschlof.

Richteg Costa Rica.

Den Dag drop koum de Stress.
Den Dag drop koum de Stress.

Hei hu mir ëmgedréit ....

.. mee dunn huet et eis voll erwëscht.

Gottseidank huet de Walti eis konnte mat sengem Camper erauszéien a mir sinn dunn iwwert en Ëmwee op eise Camping gefuer zu Samara. Do bleiwe mir elo 2 bis 3 Deeg. E Sonndeg geet et weider an de Süden. Mir ginn definitiv net an Amerika an hunn eis Panamericana Rees gestoppt. Elo bereese mir Costa Rica a probéieren am August/September Heem ze verschëffen.

Wëll Päerd op der Plage
Wëll Päerd op der Plage
Gudde Cappuccino am Duerf.
Gudde Cappuccino am Duerf.
Dee "Brëllaf" hat sech wuel geiirt.
Dee "Brëllaf" hat sech wuel geiirt.
Vum Schock erholl!!!
Vum Schock erholl!!!