Weider an de Süden .....

Vu Sámara fuere mir weider iwwert Mansion op Playa Naranjo. Do kënne mir e Ferry huele fir op Puntarenas wat eis e puer Kilometer spuert. Eigentlech wollte mir zu Puntarenas Iwwernuechte mee de Camping war leider zou. Wéi et den Zoufall esou oft wëllt schlofe mir bei engem Floss ouni Problemer. D'Police ass nach kucke komm op alles ok wär a mir ware berouecht. Moies geet et weider a Richtung Playa Bandera wou mir bei engem Schwäizer (Swiss Palmgarden) zwee Deeg bleiwen. D'Stellplaz op sengem privaten Terrain ass schéin an de Jörg e feinen Type. Mir si ganz no beim Strand a profitéieren natierlech dovun.

Playa Carrillo.
Playa Carrillo.
Léiwe Besuch beim Nuetsiessen.
Léiwe Besuch beim Nuetsiessen.
Ferry zu Playa Naranja.
Ferry zu Playa Naranja.
D'Pelikane waren um RV.
D'Pelikane waren um RV.
Den Hafe vun Puntarenas.
Den Hafe vun Puntarenas.
D'Planzewelt ass immens schéin.
D'Planzewelt ass immens schéin.
De Walti mëcht ëmmer Dommeeten.
De Walti mëcht ëmmer Dommeeten.
Et muss een och emol relaxen.
Et muss een och emol relaxen.
Eng gutt Kokosnoss um Beach.
Eng gutt Kokosnoss um Beach.
An de Leguan net ze iwwersinn.
An de Leguan net ze iwwersinn.

Laanscht d'Küst ze fueren ass trotz der Reenzäit immens flott. Et reent zwar ëmmer nees awer richteg schlëmm war et bis elo nach net. Op der Playa Matapalo hu mir eis mam Janette a Kari getraff déi jo och elo on tour sinn. Mir hate schonn alles installéiert mee dunn ass d'Police komm an huet eis gesoot mir dierften net do schlofen. Effektiv sinn d'Plagen nëmmen op vu Moies 5:00 bis 9:30 Auer. Wéi si dunn héieren hunn dass de Kari och Polizist war hunn sinn eis eng aner Plage ugi wou praktesch kee nobäi wunnt ..... also och net ka reklaméieren!!

No engem lëschtegen Owend op der Playa Linda si mir du Moies weider op d'Hallefinsel Osa gefuer. 

Playa Matapalo.
Playa Matapalo.
Playa Linda.
Playa Linda.
Et brauch och een déi d'Kokosnëss opmëscht.
Et brauch och een déi d'Kokosnëss opmëscht.

Playa Matapalo.

Hallefinsel Osa mat um Camping extra cool Hausdéieren .......

D'Restriktioune ginn hei a Costa Rica ëmmer méi streng. Déi ganz Woch vum 11.7. bis den 19.7. inclus ass alles zou ausser Supermarché, Apdikt an Hotel. All Geschäfter sinn zou. Restaurant'e sinn op awer nëmme fir den "Take out". Mee et bleiwen der och vill zou. 

Mir fueren trotzdeem Méides op San Gerardo fir eng Wanderung duerch e private Park « Cloud Bridge Reservats » ze maachen. Dëse Reebësch ass vun engem Englänner kaf ginn deen och ganz flott Wanderweeër gemaach huet. Mir sinn op 1500 Meter mat angeneemem Klima.

Cloud Bridge Reservats
Cloud Bridge Reservats

Cloud Bridge Reservats


Cloud Bridge Reservats


Cloud Bridge Reservats


Cloud Bridge Reservats

Muss emol si vun Zäit zu Zäit ...

No zwou Nuechten bei engem Fussballterrain geet et weider bei d'Truchas Selva Madre déi op 2500 Meter léien. Eng Famill huet do eng Frellenzuucht (Saumonfrellen) op engem risegen Terrain am Reebësch. Hei kënne mir Fëschen an duerch dee mystesche Reebësch wanderen. Quetzale an aner extra Vulle kënne mir och bewonneren. Et reent vill an nom Strand bei 30 Grad) ass et eis hei zimmlech kal bei nëmme 16 Grad (Nuets 9 Grad). Trotzdeem immens schéin a wuel dass mir net däerfe fuere bleiwe mir dräi Nuechten.

Op déi Foto sinn ech richteg Stolz ....
Op déi Foto sinn ech richteg Stolz ....

Impressionnant!!

Elo geet et nees de Bierg of op Orosi. Mir ëmfuere Cartago well mir net wëllen an eng Policekontroll geroden. Et ass nach ëmmer Fuerverbuet ausser eben Akafe goen oder soss wichteg Saachen déi musse gemaach ginn.

De Camping zu Orosi gëtt och vun enger schwäizer Koppel gefuert. Et ass hire privaten Terrain a si verluene Cabinas fir d'Touristen an hunn zwou Stellplazen. Eigentlech ass en zou awer fir eis maache si op a mir verbréngen, natierlech mam Walda a Walti zesummen, zwee schéiner Deeg mam Franziska a Freddy. Si sinn emmens léif!!!!

An dee Schauckelstull hunn ech mech verléift!
An dee Schauckelstull hunn ech mech verléift!