Monteverde - Silena - Tortuguero

Am N.P. Monteverde, e formidabele Reebësch, hate mir e Guide geholl an hunn do eng schéi Wanderung gemaach iwwert 5 Stonnen. Och de Walti am Rollstull konnt dobäi sinn esou gutt waren d'Weeër ugeluecht.

Duerno zréck bei d'Silena fir zwou Nuechten. Et war komesch well guer kee méi do war vun eisem Grupp. Awer schéin nees mam Silena, Glenda a Stefan zesummen ze sinn. Mir sinn awer duerch déi ganz Zäit Frënn ginn.

Zu Sarchi hunn ech mir nach e schéine Schauckelstull kaf.

Sarchi ass bekannt fir dës holze Kärchen.

Fir d'lescht op de Bierg.

Definitifen Abschied.

Den absolutten Highlight waren zwee Deeg am N.P. Tortuguero wou mir mam Kanu duerch d'Kanäl gefuer sinn an Owes konnten nokucke wann d'Schildkröten op de Strand komme fir hier Eeër ze leeën. Et däerf ee natierlech keng Fotoe maachen.

An och deen Ausfluch war irgendwann eriwwer!!